"Europäesch Spëtzesportler zu Lëtzebuerg vertrueden"

© Pressphoto / RTL
E Sonndeg gëtt an der Coque déi 4. Editioun vum internationale Liichtathletik-Meeting organiséiert.
Nieft ënner anerem dem Patrizia Van der Weken an dem Charel Grethen sinn och international Top-Athlete mat dobäi.
Am RTL-Interview huet de Generaldirekter vun der Lëtzebuerger Liichtathletik-Federatioun FLA Jean-Sébastien Dauch op e Sonndeg no vir gekuckt.
Den internationale Liichtathletik-Meeting an der Coque ass den Héichpunkt vun der Indoor-Saison vun der FLA an ass awer och mëttlerweil ee feste Bestanddeel am internationale Kalenner. Dat weist och d’Lëscht vun de Participanten dëst Joer, déi schonn Enn November zu 85% besat war.
160 international Athleten aus 35 Länner a 5 Kontinente sinn e Sonndeg an der Coque vertrueden. Dorënner ënner anerem 61 olympesch Participanten, 4 Sportler, déi schonn Medailen op den olympesche Spiller gewonnen hunn, wéi och 15 olympesch Finalisten. Donieft ee Weltmeeschter a 6 Europameeschter.
D'Nummer 2 vun der Welt géint d'Patrizia Van der Weken
Eng vun deenen internationalen Top-Athletinnen ass d’Natalia Bukowiecka. D’Polin huet op den 400 Meter zu Paräis d’Bronzmedail gewonnen a konnt sech 2021 zu Tokyo an der Staffel iwwert d’Goldmedail freeën . D’Nummer 2 vun der Welt op den 400m geet e Sonndeg op den 200m un den Depart an trëfft do op d’Patrizia Van der Weken, déi och donieft 60m leeft.
An der Coque mat dobäi ass och d’Angelica Moser. D’Schwäizerin ass déi aktuell Europameeschter mat der Perche. Donieft sinn awer ënner anerem och déi zwee Belsch Dani Rosius (Halleffinallistin op den 100m zu Paräis) an den Tibo De Smet (Indoor-Weltmeeschter op den 800m) mat um Depart.
Déi Lëtzebuerger Faarwe ginn op den 1.500m vun den Damme vum Vera Hoffmann vertrueden. Déi 29 Joer jonk COSL-Elite-Sportlerin kënnt aus enger klenger Blessur. Nach ass onkloer, wéi fit d’Leeferin vum Celtic Dikrech ass. No engem schwéier leschte Joer wëll de Charel Grethen 2025 nees u vergaangen Zäiten uknäppen. Op den 1.500m kritt et den Finalist vun den olympesche Spiller zu Tokyo ënner anerem och mam Vivien Henz a mam franséische Cross-Country-Europameeschter vun 2023 Yann Schrub ze dinn.
International renomméierte Meeting
D’Editioun vun 2024 goung an d’Geschichtsbicher an. Nach ni hat den internationale Liichtathletik-Meeting zu Lëtzebuerg esou vill Punkte gesammelt wéi d’lescht Joer. D’Evenement koum op déi 10. Plaz vun all de Meetingen an Europa a war souguer op Plaz 1 vun de Meetinge mam Bronze-Label. Déi gutt Aarbecht vun der FLA-Ekipp ronderëm de Generaldirekter Jean-Sébastien Dauch gouf dëst Joer mat der Auszeechnung “Silber-Label” belount. Doduerch zielt den internationale Liichtathletik-Meeting an der Coque zu deenen beschte Competitiounen an Europa.