2:25 Stonnen huet déi 23 Joer al Spillerin gebraucht, ier se hiren drëtte Matchball géint d'Jaqueline Cristian verwandele konnt.

Als éischte weibleche "Lucky Loser" an der Geschicht vum Tennistournoi zu Melbourne ass et der Eva Lys aus Däitschland gelongen, sech fir d'Aachtelsfinallen ze qualifizéieren.

D'Lys (WTA-Ranking 128) huet an der drëtter Ronn vum éischte Grand Slam vum Joer d'Rumänin Jaqueline Cristian (WTA-Ranking 82) mat 4:6, 6:3 a 6:3 geklappt a kritt et elo mat der Nummer 2 op der Welt Iga Swiatek ze dinn.

E Méindeg hat déi däitsch Spillerin e verréckten Dag erlieft. Eréischt 15 Minutte virun hirem Match an der 1. Ronn vun den Australian Open war si gewuer ginn, datt si als "Lucky Loser" iwwerhaapt um Tournoi dierft deelhuelen. Si huet dunn d'Australierin Kimberly Birrell an zwee Sätz geklappt. Duerno huet si och géint d'Varvara Gracheva aus Frankräich d'Iwwerhand behalen.

E Samschdeg de Moien eiser Zäit ginn zu Melbourne déi lescht 1/16-Finalle gespillt.