Real a Spuenien nees Tabelleleader, héije Succès fir ManCity

© afp
Nodeems een ënnert der Woch géint Southampton gewonnen hat, huet Manchester United doheem géint Brighton verluer. Eng Defaite gouf et och fir Tottenham.
Union Berlin huet de Negativlaf gestoppt a konnt sech géint Mainz duerchsetzen. Bremen huet géint Augsburg mat 0:2 de Kierzere gezunn.
An der Serie A huet Florenz an Iwwerzuel just 1:1 géint den FC Turin gespillt.
Bundesliga
Union Berlin - Mainz 2:1
1:0 Hollerbach (2'), 1:1 Amiri (5', Eelefmeter), 2:1 Skov (24', Eelefmeter)
No enger animéierter Ufanksphas an där banne 4 Minutten ee Gol op all Säit gefall ass, huet sech d'Partie an der däitscher Haaptstad berouegt. Et war eng Partie op Aenhéicht an där et hin an hier gaangen ass. No engem weideren Eelefmeter, dës Kéier op der Säit vun de Berliner, huet de Skov seng Faarwen nees mat 2:1 vir bruecht. D'Heemekipp war bis zum Schluss méi engagéiert an huet sech um verdéngt duerchgesat. E weidere Gol sollt nämlech net méi falen.
Bremen - Augsburg 0:2
0:1 Essende (5'), 0:2 Essende (45+1')
Eng batter Néierlag gouf et doheem fir Werder Bremen. Iwwer de ganze Match iwwer war ee spillbestëmmend, just d'Goler sollten net falen. Augsburg huet de Maximum aus wéineg Chancen erausgeholl an zweemol markéiert. Dat sollt duergoen, fir déi 3 Punkte vun der Weser mat Heem ze huelen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Premier League
Everton - Tottenham 3:2
1:0 Calvert-Lewin (13'), 2:0 Ndiaye (30'), 3:0 Gray (45+8', Selbstgol), 3:1
Eng 1. Hallschent fir ze vergiessen hat Tottenham zu Everton. No Goler vu Calvert-Lewin, Ndiaye an engem Selbstgol vum Gray louchen d'Gäscht schonns 0:3 hannen. D'Heemekipp huet an der 2. Hallschent laang näischt zougelooss. An der Schlussphas koum Tottenham awer nach emol erun, mee fir den Ausgläich ass et net méi duergaangen. Everton ka sech liicht aus dem Tabellekeller ofsetzen. Tottenham ass den Ament just op der 15. Plaz.
Manchester United - Brighton 1:3
0:1 Minteh (5'), 1:1 Fernandes (23, Eelefmeter), 1:2 Mitoma (60'), 1:3 Rutter (76')
ManU kënnt an der Tabell net vum Fleck a muss nees eng Defaite astiechen. Nodeems een an der 1. Hallschent fréi géint Brighton zréck louch, huet de Fernandes per Eelefmeter awer ausgeglach. An der 2. Hallschent waren d'Gäscht effizient an hunn nach zweemol markéiert.
Ipswich Town - Manchester City 0:6
0:1 Foden (27'), 0:2 Kovacic (30'), 0:3 Foden (42'), 0:4 Doku (49'), 0:5 Haaland (57'), 0:6 McAtee (69')
De grousse Favorit huet dem Opsteiger vun Ufank u keng Chance gelooss an huet a béiden Hallschenten dräi Goler markéiert. No dem héije Succès ass ManCity nees 4. an der Tabell a d'Form schéngt weiderhin no uewen ze weisen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Serie A
Florenz - FC Turin 1:1
1:0 Kean (38'), 1:1 Gineitis (70')
An Italien huet Florenz trotz iwwer 60 Minutten an Iwwerzuel just 1:1 géint Turin gespillt. Fir d'Gäscht war et net gutt lass gaangen. An der 33. Minutt krut den Dembélé déi giel-rout Kaart gewisen. Kuerz drop ass d'Heemekipp mat 1:0 a Féierung gaangen. Florenz war zwar och no der Paus a bal all de Statistiken déi besser Ekipp, dem Geneitis ass an der 70. Minutt awer den Ausgläich gelongen. Et war dee leschte Gol an enger Partie, an där fir Florenz méi dra gewiescht wier.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
La Liga
Real Madrid - Las Palmas 4:1
0:1 Silva (1'), 1:1 Mbappé (18', Eelefmeter), 2:1 Diaz (33'), 3:1 Mbappé (36'), 4:1 Rodrygo (57')
Real Madrid huet sech no enger kaler Dusch an der éischter Minutt schnell erkritt a konnt de Score dréinen a bis an d'Paus op 3:1 stellen. D'Heemekipp hat géint Las Palmas alles am Grëff an huet an der 57. Minutt op 4:1 erhéicht. Dat war och d'Schlussresultat. Mat där Victoire sprangen déi Kinneklech op déi 1. Plaz an der Tabell.