Victoire fir d'Federica Brignone am Super-G

© afp
Ronn ee Joer virun den olympesche Wanterspiller op der selwechter Plaz huet d'Italieenerin sech déi 1. Plaz zu Cortina d'Ampezzo geséchert.
D'Federica Brignone hat um Enn eng Avance vun 58 Honnertstel op d'Lara Gut-Behrami aus der Schwäiz. Déi 3. Plaz war fir déi aner Schwäizerin Corinne Suter mat engem Retard vun enger Sekonn an 8 Honnertstel.
Bei den Häre gouf zu Wengen an der Schwäiz e Slalom gefuer. De Podium war dobäi komplett an norwegescher Hand. Gewonnen huet den Atle Lie McGrath. No 2 Duerchgäng hat hien eng Avance vun 18 Honnertstel op den Timon Haugan a vun 29 Honnertstel op den Henrik Kristoffersen.
Schisprangen
Zu Sapporo a Japan gouf et bei den Dammen eng Victoire vun der Norwegerin Eirin Kvandal. Si hat um Enn eng däitlech Avance vun iwwer 20 Punkten op d'Selina Freitag aus Däitschland. De Podium gouf vun der 2. Norwegerin Thea Minyan Bjørseth komplettéiert.
Den Éisträicher Daniel Tschofenig war bei den Hären zu Zakopane a Polen net ze schloen. Hien huet sech virum Johann Andre Forfang aus Norwegen an dem zweeten Éisträicher Jan Hörl duerchgesat.
Biathlon
Zu Ruhpolding an Däitschland gouf et am Massestart eng iwwerraschend Victoire vum Tommaso Giacomel. Den Italieener huet am leschte Schéissen d'Nerve behalen an ass ouni Feeler bliwwen. Op d'Plazen 2 an 3 koumen déi 2 Norweger Sturla Holm Laegreid mat engem Retard vun iwwer 6 Sekonnen an de Johannes Thingnes Bø mat engem Réckstand vun iwwer 11 Sekonnen.
D'Elvira Öberg aus Schweden hat am Massestart bei den Dammen iwwer 12,5 Kilometer um Enn d'Nues vir. Op déi 2. Plaz mat engem Retard vu 25 Sekonne koum d'Franziska Preuß aus Däitschland. D'Preuß hat sech am Sprint ëm déi 2. Plaz knapp géint d'Jeanne Richard aus Frankräich duerchgesat. Wärend d'Öberg an d'Richard ouni Feeler am Schéisse bloufen, hat d'Preuß eemol donieft geziilt.