D’Virronn ass eriwwer, elo kënnt d’Haaptronn. Nieft den erwaarten Ekippe sinn do och eng Rëtsch Iwwerraschungen ze fannen.

Déi éischt Woch vun der Handball-Weltmeeschterschaft ass gespillt an et geet nach bis den 2. Februar am Zwee-Dages-Rhythmus weider. Nieft den Topp-Favoritten Dänemark a Frankräich ginn nach eng Rëtsch Ekippe mat der voller Punktzuel vu 4 Punkten an d’Haaptronn. Dat gëllt fir Däitschland, Portugal, Island an Ägypten. Ungarn, Schweden a Spuenien brénge jeeweils 3 Punkten aus der Virronn mat. Dänemark ass elo 31 Matcher bei enger WM ongeschloen – dat entsprécht komplette 3 Weltmeeschterschaften a 4 Matcher.

De Co-Organisateur Norwegen ass zwar fir d’Haaptronn qualifizéiert, leeft senger Form bei der Heem-WM awer hannendrun. Virun den Ae vum norweegesche Kinnek an dem Krounprënz huet sech Norwegen zwou batter Néierlage géint Brasilien a Portugal gefaangen a geet mat 0 Punkten an d’Haaptronn.
Och Kroatien an Tschechien, d’Géigner vun der FLH-Selektioun an der EM-Qualifikatioun 2026, stinn am nächsten Tour.

Iwwerraschendes an Onschéines

An der Grupp B ass Italien no 28-järeger Abstinenz de grousse Coup gelongen. D’Ekipp vum Nationaltrainer a fréiere Käerjenger Trainer Riccardo Trillini huet sech mat zwou Victoirë géint Algerien an Tunesien fir d’Haaptronn qualifizéiert. Géint Dänemark gouf et awer eng héich Néierlag (20:39). D’Italieener kréien elo nach dräi weider Matcher géint Däitschland, Tschechien an d’Schwäiz.

De Cap Vert, bei deem mam Gilson Correia an dem Bruno Fernandes och zwee Spiller vum Chev Dikrech am Kader stinn, huet säin Zil bei senger drëtter Weltmeeschterschaft erreecht. Nom kloren 38:28 géint Kuba steet d’afrikanesch Ekipp an der Haaptronn.

Am Match tëscht Holland an Nordmazedonien koum et zu onschéinen Zeenen op den Tribünen. Nordmazedonesch Supporteren haten um Enn vum Match Géigestänn op den Terrain geheit an hollännesch Spiller an Trainer an d‘Arbittere bespaut, well si der Meenung waren, dass d’Arbitteren d’Hollänner bevirdeelegt hätten. D’IHF huet doropshi Mesuren a Strofe géint Nordmazedonien an d’kroatesch Organisatioun erlooss.

Polen muss mam Ariel Pietrasik, deen zu Miersch a Bierchem forméiert gouf an elo an der Schwäiz bei de Kadetten Schaffhausen spillt, am President’s Cup untrieden. D’Pole konnten an dräi Matcher just ee Punkt sammelen (1 Gläichspill, 2 Néierlagen) a spillen elo d’Placéierungsmatcher zu Poreč a Kroatien.

Lëtzebuerg an der Weltranglëscht op Plaz 73

Mam Start vun enger Campagne geet och ëmmer de Bléck op d’Weltranglëscht. Well de Weltverband IHF keng esou Lëscht verëffentlecht, huet den islännesche Programméierer Ívar Jónsson eng inoffiziell Weltranglëscht kreéiert. Sengem Site handballranking.com no steet Lëtzebuerg op Plaz 73 mat 1035,5 Punkten an 214 Matcher. Ugefouert gëtt d’Lëscht vum amtéierende Weltmeeschter an Olympia-Gewënner Dänemark, virum amtéierenden Europameeschter Frankräich, Spuenien, Schweden an Däitschland. Eis belsch Nopere stinn op der 63. Plaz, zwou Plaze virum Kosovo.

Op dëser Lëscht si méi wéi 7.000 Handball-Matcher zënter 1994 erfaasst. Se gëtt op Basis vun der Elo-Methodik opgestallt a baséiert op de Berechnunge vum ungaresch-amerikanesche Physiker a Statistiker Arpad Elo (1903-1992). Den Elo-Rating-System gëtt ë.a. zënter 1970 am Schach benotzt an och d’FIFA berechent hir Weltranglëscht zënter 2018 op dëser Basis.