Fréiere belsche Futtballnationalspiller Radja Nainggolan temporär festgeholl

© AFP/File/Daniel ROLAND
Entretemps ass de 36 Joer alen Nainggolan ënner Oplagen nees op fräiem Fouss, ma géint hie gëtt trotzdeem weiderhin ermëttelt.
Wéi et vum Bréisseler Parquet heescht, steet am Fokus vun der Enquête den Import vu Kokain aus Südamerika iwwert den Hafe vun Antwerpen. Dem 36 Joer ale Futtballprofi gëtt an deem Kontext d'Memberschaft an enger krimineller Organisatioun reprochéiert, méi Detailer zu de geneeë Virwërf géint hien, ginn et den Ament allerdéngs keng. Hie gouf e Méindeg an Zesummenhang mat der Enquête festgeholl, koum awer ënner Konditiounen nees fräi.
Wéi AP mellt, gouf den Nainggolan festgeholl, nodeems bei enger Rei Perquisitiounen an der Provënz Antwerpen a ronderëm Bréissel a Bréissel selwer ronn 2,7 Kilo Kokain, wéi och Boergeld an Héicht vun enger hallwer Millioun Euro a luxuriéis Géigestänn saiséiert goufen. Insgesamt sollen 18 Persoune festgeholl gi sinn. Och goufen dräi Schosswaffen, zwou kugelsécher Westen a 14 Gefierer beschlagnaamt.
De Radja Nainggolan huet insgesamt 30 Matcher fir déi belsch Nationalekipp absolvéiert. Hien huet a senger Karriär ënner anerem fir den AS Roum an Inter gespillt, zanter leschter Woch spillt hien an der zweeter belscher Liga fir de KSC Lokeren-Temse.