Recken an den Houwald stinn an den Halleffinallen

© RTL (Archiv)
De Weekend sinn am Dëschtennis-Championnat den zweete Match an de Véierelsfinalle gespillt ginn.
Den Houwald huet sech de leschten Ticket fir d'Halleffinalle vum Dëschtennis-Championnat geséchert. Den Houwald hat deen éischte Match an der Best-of-2-Serie géint Lénger mat 6:2 gewonnen. De Retourmatch sollt vill méi spannend ginn. Lénger huet sech nämlech vun enger anerer Säit gewisen a konnt d'Partie mat 6:2 gewannen. Doduerch ass et an de Golden Match gaangen, wou d'Decisioun huet misse falen. Hei hat Lénger sechs Matchball, ma konnt keen dovunner notzen. Domat wënnt den Houwald mat 3:2 géint Lénger a steet an den Halleffinallen.
Nodeems Recken déi éischt Partie virun zwou Wochen däitlech mat 6:2 gewonnen hat, war et dës Kéier méi enk. Zweemol konnt Esch d'Féierung vu Recken egaliséieren, um Enn huet de Favorit sech awer mat 5:3 duerchgesat an zitt domat an d'Halleffinall an. Bei Recken huet den Thomas Keinath seng zwee Matcher gewonnen, bei Esch war et den Olivier Joannes.
Am Playdown huet Lëntgen um 6. Spilldag 6:3 géint Iechternach gewonnen, wärend Diddeleng sech kloer mat 6:1 géint Nidderkäerjeng duerchgesat huet.