Op der Europameeschterschaft huet d'Patrizia van der Weken d'Bronzemedail op de 60 Meter gewonnen.

Hiren Trainer, den Arnaud Starck begleet d'Athletin zanter jonkem un. Natierlech war hien no der Final och ganz frou iwwer d'Leeschtung an d'Medail vum Patrizia van der Weken. "Eng Medail op enger EM ze gewannen ass eng flott Unerkennung fir d'Athletin an en Trainer", esou dem Trainer seng éischte Reaktioun um Mikro vum Bern Thill. 
 
"E wansinneg héijen Niveau", esou ëmschreift den Arnaud Starck d'Competitioun.

7,06 Sekonnen huet d'Patrizia van der Weken fir déi 60-Meter-Distanz gebraucht. "Mat esou engem Chrono wär dëst d'lescht Joer bal den ieweschten Träpplek vum Podium op der Weltmeeschterschaft gewiescht", esou nach den Arnaud Starck.