Patrizia van der Weken wënnt EM-Bronze iwwer 60 Meter
E Sonndeg um leschten Dag vun der Liichtathletik-Indoor-EM zu Apeldoorn an Holland war d'Patrizia van der Weken am Asaz.
Historeschen Dag fir Lëtzebuerg - D'Patrizia van der Weken huet op der Liichtathletik-Indoor-EM mat enger Zäit vu 7,06 Sekonne Bronze iwwer 60 Meter gewonnen. D'Lëtzebuerger Sportlerin vum Joer huet domadder hiren nationale Rekord aus den Halleffinallen egaléiert. Gold huet sech d'Italienerin Zaynab Dosso (7,01 Sekonnen) virun der Schwäizerin Mujinga Kambundji (7,02 Sekonnen) geséchert.
Fir d'Patrizia van der Weken ass et déi éischt international Medail an der Hal. Bis ewell war esou en Exploit nach kengem Lëtzebuerger gegléckt. Den David Fiegen hat 2006 dobaussen op der EM zu Göteborg a Schweden Sëlwer iwwer 800 Meter gewonnen.
No der Course huet d'Lëtzebuergerin no de richtege Wierder gesicht, fir hiren Exploit ze beschreiwen. "Et ass komplett verréckt. Also, kloer, ech sinn als Favoritin ugereest, mee dat dann awer um Dag ofzeruffen, ass wierklech net evident."
E groussen Undeel un de Leeschtunge vum Patrizia van der Weken huet hiren Trainer Arnaud Starck. "Ech mengen den Arnaud huet rëm eng Glanzleeschtung bruecht, fir mech eben, jo, op dësem Dag sou prett ze maachen."
Souverän an d'Finall gesprint
D'Patrizia van der Weken hat sech souverän fir d'Finall qualifizéiert. An der Mëttegstonn war si am éischte vun de fënnef Virleef mat engem Chrono vu 7,11 Sekonnen déi Éischt ginn an hat domadder direkt de Sprong an den nächsten Tour gepackt.
E Sonndeg am Nomëtteg war si an der éischter vun den dräi Halleffinalle mat enger Zäit vu 7,06 Sekonnen déi Zweet ginn, wat déi direkt Qualifikatioun fir d'Finall bedeit huet. Mat dëser Zäit ass d'Lëtzebuergerin och een Honnertstel ënner hirem Lëtzebuerger Rekord bliwwen. An den Halleffinalle ware mat der Schwäizerin Mujinga Kambundji (7,04 Sekonnen) an der Italienerin Zaynab Dosso (7,03 Sekonnen) zwou Leeferinne méi séier wéi d'Patrizia van der Weken.
D'Klassement vun der Finall

© Screenshot