Luc Holtz wëll taktesch Verschiddenes ausprobéieren

© RTL-Archiv
Dës Woch start fir déi Lëtzebuerger Hären-Nationalekipp dat neit Futtball-Joer 2025.
Fir den Optakt spillt d'FLF-Selektioun zwee Frëndschaftsmatcher. Lass geet et e Samschdeg mat der Partie heiheem géint Schweden. Dräi Deeg drop spillen d'Rout Léiwen dann auswäerts an der Schwäiz zu Sankt Gallen. Den Nationaltrainer Luc Holtz wëll déi zwee Frëndschaftsmatcher notzen, fir en vue vun der WM-Qualifikatioun am September Verschiddenes auszeprobéieren.
"Souwuel de System wäert geännert ginn, Verschiddenes gëtt getest. Ech hunn och schonn am Kapp, fir géint Schweden ee System ze spillen, dee mir an der Vergaangenheet nach net gespillt hunn. Ech weess awer och, datt eis Géigner aussergewéinlech Qualitéiten hunn. Notamment d'Schweden, déi wärend enger Period déi lescht Joren ofgebaut haten an elo rëm richteg um komme sinn. Dat gëtt schonn ee richtegen Challenge fir eis Defense, awer och eng gutt Preparatioun op déi Qualifikatioun, déi kënnt."
Déi béid Frëndschaftsmatcher géint Schweden an d'Schwäiz kënnt Dir wéi gewinnt bei eis um RTL ZWEE, um Radio an um Internet live suivéieren.