Andorra ass ee vun de klengste klenge Staate vun Europa.

Ma d’Fürstentum ass ganz sportbegeeschtert an déi ronn 80.000 Awunner freeë sech och schonns op déi nächst Editioun vun de JPEE vum 26. bis den 31. Mee. Dat gëtt eng besonnesch 20. Editioun, well dës Erfollegsgeschicht vun de Spiller vun deene Klengen op Aenhéicht huet viru genau 40 Joer zu San Marino ugefaangen.

Ma och déi kleng Länner professionaliséiere sech, schécke Sportler zum Deel mat Medailechancen op déi grouss Olympesch Spiller an notzen dës kleng Spiller, fir Erfarung ze sammelen, als Motivatioun an als Sprangbriet fir déi grouss. Lëtzebuerg schéckt eng Delegatioun vu knapp 300 Leit, dovunner eng ronn 200 Sportler. Zesumme mam erfuerenen Alex Goergen huet den dräifachen Olympiaparticipant Laurent Carnol sech eng gutt zwee Méint virun der Erëffnungsfeier d’Präparatioune sur place ugekuckt.

Et wäert och déi drëtte Kéier sinn, datt dat 468 Quadratkilometer klengt Fürstentum matzen an de Pyrenäen déi Spiller organiséiert. Eng Dose Leit am Organisatiounscomité an eng 750 Benevoller wärend de Spiller wëllen dës Editioun zu engem grousse Succès maachen. D’Organisatioun ass dobäi Chefsaach, well de Präsident vum Olympesche Kommitee aus Andorra ass de Papp vum aktuelle Regierungsprwsident Xavier Espot Zamora.