Ettelbréck a Steesel ginn 1:0 a Féierung
E Samschdeg war den Optakt vun den Halleffinallen an der Enovos League bei den Hären.
Hei koum et zum Duell tëschent der Amicale Steesel an dem T71 Diddeleng. Bei de Gäscht huet verletzungsbedéngt missen op der Profi-Positioun reagéiert ginn, nei mat dobäi war den Temple Gibbs.
Ugefouert vum Bob Melcher konnt Steesel den Tempo vun der Partie am Ufank diktéieren, d'Lokalekipp ass mat engem klenge Virsprong vun 42:37 an d'Paus gaangen. Steesel konnt sech an der zweeter Hallschecht weider ofsetzen a louch ronn 8 Minutte viru Schluss komfortabel a Féierung. Diddeleng huet allerdéngs mat engem spéide Laf nach emol fir Spannung gesuergt an sech bis op 5 Punkten eru gekämpft. Um Enn stoung fir Steesel eng 82:71 Victoire op der Auer.
23 Punkten goungen op de Kont vum Bob Melcher, den Elyjah Goss huet 18 Punkten a 19 Rebounds zur Victoire bäigesteiert.
Um Sonndeg huet sech d'Etzella Ettelbréck däitlech mat 87:72 géint d'Arantia Fiels duerchgesat a sech domat e Matchball fir de Réckmatch geséchert, deen um Mëttwoch
an der Fiels gespillt gëtt.
Bis Mëtt vum drëtte Véierel hunn d'Zuschauer zu Ettelbréck en enke Match gesinn, du konnt sech d'Lokalekipp mat engem Laf ofsetzen. Am véierte Véierel konnt d'Etzella d'Partie virzäiteg entscheeden. De Quatarius Wilson hat mat 25 Punkten déi meeschten um
perséinleche Kont, de Jimmie Taylor (20) an de Philippe Gutenkauf (19) hunn hien ënnerstëtzt.
Mamer bleift an der Enovos League
Am Ofstigsgrupp setzt sech Mamer mat 82:76 auswäerts géint d'Musel Pikes duerch a séchert sech domat eng Plaz an der Enovos League nächst Saison. De Jacob Hilmer hat mat 24 Punkten déi meeschten um Kont bei de Gäscht. D'Pikes konnten net vun der Defaite vun Hiefenech um Freideg profitéieren, béid Ekippe si punktgläich virum direkten Duell nächste Samschdeg.