An enger spannender Finall huet Stroossen sech um Enn knapp géint Déifferdeng behaapt.

Um éischte Mee gouf am nationale Futtball d'Finall vun der Coupe du Prince tëscht de Juniore vun Déifferdeng a Stroossen gespillt.

Stroossen wënnt d'Coupe du Prince bei de Junioren / Reportage Cliff Block

An der éischter Hallschent goufen et am Ufank virun 1780 Spectateure wéineg Chancen op béide Säiten. Dat sollt sech du mam éischte Gol vum Match änneren. Et war nämlech den Abel Kinane deen an der 10. Minutt den 1:0 fir Stroossen markéiere konnt. Dono waren et virun allem d'Spiller vun der Una déi ëmmer rëm no vir komm sinn a vill Geleeënheeten op den 2:0 haten. Dee sollt da verdéngt an der 31. Minutt duerch de Mick Kirsch falen. Mat 2:0 fir Stroossen ass et dunn och an d'Kabinne gaangen. Dat no enger éischter Hallschent wou virun allem d'Una Stroossen de Match dominéiert hat.

D'Ekippen sollten awer anescht aus de Kabinne kommen an et waren d'Spiller vun Déifferdeng déi besser am Match waren a schnell zwee Goler markéiere konnten. Erfollegräich waren hei den Anderson Pedrosa an de Marceu Soares. No dësen zwee Goler ass Stroossen dunn awer erëm erwächt a konnt an der Mëtt vun der zweeter Hallschent op en Neits a Féierung goen. De Lukas Sever hat hei op 3:2 gesat, dat mat Hëllef vun engem Eelefmeter.

D'Schlussphas sollt du komplett verréckt ginn. Fir  d'éischt huet Stroossen d'Féierung duerch den zweete Gol vum Mick Kirsch op 4:2 ausgebaut, mee den Anderson Duarte konnt direkt rëm op 3:4 verkierzen. An de leschten dräi Minutte vum Match sollten dann nach zwee weider Gol falen. De virentscheedenden 5:3 vum agewiesselte Leontino Ma Fimade an op en Neits den Uschloss vum Anderson Pedrosa. Fir Déifferdeng sollt et awer net méi duergoe fir de Match auszegläichen.

Sou waren et um Enn d'Spiller vu Stroossen déi de Match mat 5:4 fir sech entscheeden an den Titel an der Coupe du Prince feiere konnten. E Reportage iwwer d’Coupe du Prince gëtt et e Freideg den Owend am Journal op der Tëlee.