No Ofstig an d'Éierepromotioun
Mikhail Zaritski net méi Trainer vu Wolz, Ralph Schon wiesselt op Housen

© Val Wagner (Archiv)
Den FC Wolz 71 huet e Sonndeg de Barragematch géint Kanech am Eelefmeterschéisse verluer.
Direkt duerno goufen et Nouvellen, datt e puer Gesiichter de Veräin verloossen. Zanter e Sonndeg ass kloer, datt de Mikhail Zaritski d'nächst Saison net méi op der Wëlzer Trainerbänk sëtzt. Dat huet eis de fréieren Nationalspiller am Interview matgedeelt.
Mikhail Zaritski beim Gilles Tricca iwwer säi Récktrëtt
Donieft koum e Méindeg d'Confirmatioun, datt de fréieren Nationalgolkipp Ralph Schon beim FC AS Housen ënnerschriwwen huet. Dëst huet de Veräin aus der 1. Divisioun aus 1. Bezierk op hire soziale Medien annoncéiert.
Am meeschte gelies