"Ech fille mech net dozou beruff, nach eng Kéier ze jugéieren"
Um Dënschdeg de Mëtteg huet déi Lëtzebuerger Futtballnationalekipp am Kader vun den nächste Frëndschaftsmatcher op e Point Presse invitéiert.
Eent vun den ugeschwaten Theme war de Gerson Rodrigues. "D'Meenunge ginn auserneen. Déi eng denken esou, déi aner denken esou. Mir sinn an enger Demokratie an do däerf jidderee seng Meenung äusseren. Ech hu meng Meenung och dozou an ech denken, mir hunn dofir ee Riichter, deen dofir responsabel ass, fir déi ganz Saach ze jugéieren. Dat ass geschitt. Ech fille mech net dozou beruff, nach eng Kéier ze jugéieren.", esou den Nationaltrainer Luc Holtz.
Den FLF-Coach huet de Gerson Rodrigues Enn Mee fir déi zwee Frëndschaftsmatcher géint Slowenien e Freideg an Irland den nächsten Dënschdeg selektionéiert, obwuel de Rekordbuteur vun de Roude Léiwen Enn Abrëll an zweeter Instanz wéinst haislecher Gewalt a Kierperverletzung zu 18 Méint Prisong op Sursis verurteelt gouf. Op der Kader-Presentatioun sot den FLF-Jurist Marc Diederich, datt den CA vun der Lëtzebuerger Futtballfederatioun keng weider Strofe géint de Gerson Rodrigues wéilt virhuelen.
An de soziale Medie war dës Decisioun op Onverständnis gestouss. Am Grupp wier dat dem FLF-Coach no bis dato nach keen Thema gewiescht, mee dat wier éischter eppes, wat vu bausse géif thematiséiert an debattéiert ginn: "Mir sinn zanter enger Woch zesummen. Et war nach keen Thema. Ech kommen elo bei Iech an elo gëtt dat rëm groussaarteg opgebauscht. De grousse Problem hutt méi Dir domadder wéi ech. Wann Dir Iech dozou beruff fillt, nach eng Kéier Riichter ze spillen, da musst Dir dat maachen." Weider huet den FLF-Coach op d'Decisioun vum CA vun der Lëtzebuerger Futtballfederatioun verwisen an dofir dierft de Gerson Rodrigues och selektionéiert ginn. De Rekordbuteur vun der FLF-Selektioun hat d'lescht Woch op Instagram op déi ëffentlech Kritik reagéiert.
Olesen a Martins net am Kader
En Dënschdeg huet den Nationaltrainer Luc Holtz den definitive Kader fir déi zwee Frëndschaftsmatcher géint Slowenien an Irland bekannt ginn. 5 Spiller sinn net zeréck behale ginn, dorënner och de Mathias Olesen an de Christopher Martins. De Spiller vu Spartak Moskau ass déi lescht Zäit vill mat Blessure geplot. De Mathias Olesen dogéint wëll sech op der Sich no engem neie Veräin net blesséieren. Donieft goufen och den Diego Duarte, de Michael Omosanya an den André Barella aus dem Kader gestrach.