Gerson Rodrigues reagéiert op Kritik

© Valentin Wagner
Nodeems et vill Kritik wéinst der Nominatioun vum Gerson Rodrigues fir d'Frëndschaftslännermatcher gouf, reagéiert de Futtballspiller elo selwer.
Leschte Freideg hat den Nationaltrainer Luc Holtz de Kader fir d'Frëndschaftslännermatcher géint Slowenien an Irland presentéiert. Mat dobäi och de verurteelte Futtballspiller Gerson Rodrigues.
Datt d'Lëtzebuerger Futtballfederatioun de Gerson Rodrigues weider ënnerstëtzt, obwuel hien an zweeter Instanz wéinst haislecher Gewalt a Kierperverletzung verurteelt gouf, ass awer op vill Kritik gestouss. Elo reagéiert de Futtballspiller an engem Post op Instagram.
Am Post seet de Gerson Rodrigues der FLF a senge Supporter Merci, datt si hien och wärend der "schwiereger a mëttlerweil ofgeschlossener geriichtlecher Affär" ënnerstëtzt hätten. Donieft betount de Futtballspiller, datt hie probéiere géing, "dat Vertrauen zréckzeginn" duerch "Engagement, Disziplin a Leeschtung um Terrain".
De Gerson Rodrigues bréngt dann och zum Ausdrock, datt hie sech an de leschte Méint "wéi eng Marketing-Marionett behandelt" gefillt hätt, déi een "no belieben benotzt" hätt. Hie wier Futtballspiller a kee Produit.