SportspressJournalist vum Quotidien op Point Presse vun der Nationalekipp net erwënscht

RTL Lëtzebuerg
Um Dënschdeg de Mëtteg huet déi Lëtzebuerger Futtballnationalekipp am Kader vun den nächste Frëndschaftsmatcher op e Point Presse invitéiert.
© Riccardo Besantini

D‘Lëtzebuerger Sportspress bedauert an engem Communiqué, datt ee Journalist vum “Le Quotidien” en Dënschdeg net op engem Point Presse vun der Lëtzebuerger Futtballnationalekipp erwënscht war. De Verband vun de Lëtzebuerger Sportjournalisten dréckt seng Ënnerstëtzung dem Journalist géintiwwer aus. D‘Meenungsfräiheet an de Lëtzebuerger Medien dierft op kee Fall a Gefor sinn, heescht et weider. An deem Sënn proposéiert “sportspress.lu” dem Nationaltrainer Luc Holtz een Echange no den zwee Lännermatcher géint Slowenien an Irland.

Fannt hei d'Schreiwes vun der Lëtzebuerger Sportspress

Back to Top
CIM LOGO