Vera Hoffmann-Bertemes a Ruben Querinjean wëssen ze iwwerzeegen
Op Päischtsonndeg ass traditionell de Liichtathletik-Meeting zu Rehlingen an Däitschland.
Weltklass am Saarland. Och dëst Joer huet dëse Motto mat der 60. Editioun harmonéiert, mat virop dem Malaika Mihambo, der olympescher Goldmedail-Gewënnerin an der zweefacher Welt- an Europameeschterin am Wäitsprong.
Grethen, Hoffmann a Querinjean hunn de Lëtzebuerger Fändel mat 2 Victoiren zu Rehlingen héichgehalen. Ugefaange mam Vera Bertemes-Hoffmann. D’Celtic-Athletin wollt hiren eegene Landesrekord ugräifen. D’Vera Bertemes-Hoffmann gouf Éischt virun der Spuenierin Marina Martinez, 4 Sekonne vum Landesrekord ewech. E Chrono, deen ënnert dëse Konditioune Courage mécht, an der Perspektiv Qualifikatioun fir d’WM a China.
Während der leschter Hallschent vun den 3.000 Meter Steeple huet de Ruben Querinjean decidéiert, fir eleng un der Spëtzt géint de Wand ze kämpfen. De Steeple-Spezialist huet bis zum Schluss duerchgehalen an ass Éischte ginn, hat sech awer e liicht bessere Chrono erwaart.
Fir de Charel Grethen gouf et leider eng lues Course iwwert d'1.500 Meter. Den CSL-Athlet gouf den 8. an hat sech e bessere Chrono erhofft.
Eis Lëtzebuerger Liichtathleten hunn e gutt Bild zu Rehlingen ofginn an hu gewisen, dass d’Lëtzebuerger Liichtathletik sech nach ëmmer weider
entwéckelt.