E Méindeg war d‘Pressekonferenz vun der Futtballnationalekipp am Virfeld vum Frëndschaftsmatch géint Irland en Dënschdeg den Owend.

Déi lescht Deeg war jo d’FLF an och d’Nationalekipp deemno ganz vill an der Aktualitéit. Den Nationaltrainer Luc Holtz huet de Méindeg de Mëtteg nees ënnerstrach, datt hie sech quasi exklusiv op dat fokusséiert, wat um Terrain geschitt.

De Luc Holtz

Hie wéisst net wat geschriwwe gouf. Seng Aufgab wier et, d'Ekipp esou gutt et geet op de Match géint Irland ze preparéieren an de ganze Rescht géif hien net ze no u sech eruloossen. Och an der Ekipp wier déi ganz Kritik keen Thema.

Den Nationaltrainer huet op dem Julien Mollereau seng Froe geäntwert. De Journalist vum "Le Quotidien" duerft jo d’lescht Woch net op de Point Presse vun der FLF goen.

Den Nationaltrainer huet matgedeelt, datt sech kee Spiller weider blesséiert huet nom Slowenien-Match. Op der Pressekonferenz war och de Seid Korac present, dee keng aner Positioun hat am Kontext aussersportlech Aktualitéit vun der Nationalekipp wéi säin Trainer.

De Verdeedeger vu Vojvodina a Serbien intresséiert munch europäesch Veräiner, mee konkret soll nach näischt sinn. De Korac verhält sech ëmmer méi wéi e Leader an der Lëtzebuerger Defense.

Op der Pressekonferenz vun de Roude Léiwe ware ronn eng Dose Journalisten aus Irland. Hir Froen hu sech och quasi exklusiv op dat Aussersportlecht konzentréiert.

Fir de Luc Holtz sinn d’Iren e ganz onbequeeme, physesch staarke Géigner, deen änlech staark anzeschätzen ass wéi eisen éischte Géigner vun der WM-Qualifikatioun an zwar Nordirland.

De Match tëscht Irland a Lëtzebuerg kënnt Dir en Dënschdeg den Owend vun 20.45 Auer u live op RTL ZWEE an am Stream op RTL.lu suivéieren.