UNA Stroossen spillt géint Dundee United F.C.

© Alexandre Benavente Martingil
Am zweeten Tour vun der Qualifikatioun fir d'Conference League kënnt de Géigner aus Schottland. Den Allersmatch spillt d'UNA de 24. Juli zu Dundee.
Nodeems Déifferdeng, Diddeleng an och de Stater Racing hir Géigner fir den éischten Tour an de jeeweilegen europäeschen Futtball-Competitioune schonn zanter en Dënschdeg kennen, steet och lo fest, géint wien d’UNA Stroossen spillt.
D’Ekipp vum Trainer Stefano Bensi kritt et an der zweeter Ronn vun der Qualifikatioun fir d'UEFA Conference League mam FC Dundee United aus Schottland ze dinn. Den Allersmatch spillt Stroossen de 24. Juli auswäerts. De Retour ass dann eng Woch drop heiheem. Doduerch, datt Stroossen déi lescht Saison Zweeten am nationale Championnat gouf, ass d’UNA direkt fir den zweeten Tour qualifizéiert.
Am Fall vun enger Néierlag an der éischter Qualifikatiounsronn vun der Champions League géing den FC Déifferdeng 03 an d’Conference League ofsteigen. Do kéint et de Champion dann am zweeten Tour entweder mat den The New Saints aus Wales oder Shkëndija aus Nordmazedonien ze di kréien.
Den F91 Diddeleng géing am Fall vum Weiderkommen an der zweeter Qualifikatiounsronn vun der Conference League géint den FC Spaeri aus Georgien spillen. De Stater Racing géint den FC Riga aus Lettland.