De Salzburger huet annoncéiert, dass hien an der nächster Saison erëm starte wäert. Wéini genee, ass awer no enger schwéierer Blessur nach net gewosst.

Entscheedend fir seng Decisioun war, dass d'FIS bekannt ginn huet, dass den zweefachen Olympiagewënner a siwefache Weltmeeschter seng 17 Wildcards vun der leschter Saison mat an déi nei eriwwerhuelen dierf. Säi "protected" Ranking bleift domat bestoen an hie ka weider mat der Startnummer 31 un den Depart goen.

Den aachtfache Gewënner vum Gesamtweltcup war am September 2019 zeréckgetrueden an hat am leschten Hierscht säi Comeback gefeiert. No dräi Courssen hat hie sech awer am Training schwéier um Knéi blesséiert an ass bis haut an der Reha. De Marcel Hirscher envisagéiert den nächsten Hierscht als realistescht Zil, fir erëm toppfit ze sinn. Da wäert den Éisträicher fir Holland starten - d'Gebuertsland vu senger Mamm.

Den neie Weltcup fänkt, esou wéi an de leschte Joren, um leschte Weekend am Oktober, zu Sölden un. Héichpunkt wäerten am Februar d'Olympesch Wanterspiller zu Mailand zu Cortina d'Ampezzo sinn.