Mam europäeschen Champions-League-Gewënner steet eng weider Ekipp fir den drëttleschten Tour vun der éischter Club-Weltmeeschterschaft fest.

Nodeem sech Palmeiras an Chelsea e Samschdeg fir den nächsten Tour qualifizéiert haten, ass Paräis e Sonndeg nogezunn. An enger eesäiteger Partie huet den dësjärege Gewënner vun der europäescher Champions League Inter Miami, de Veräi vum Lionel Messi, mat 4:0 deklasséiert.

De Klassenënnerscheed war vun Ufank un ze erkennen a sou huet et net laang gedauert, bis Paräis den éischte Gol verbuche konnt. Schonn an der 6. Minutt hat de Joao Neves per Kapp am Stadion zu Atlanta markéiert. Duerno krut sech Miami besser op de PSG agestallt, mee koum zu kenger nennenswäerter Chance am éischten Duerchgang. Dem Luis Enrique seng Ekipp huet virun der Paus nach eng Kéier richteg opgedréint a bannent 10 Minutten dräi Goler nogeluecht.

Mat dësem Resultat war de Match schonn an der Paus gelaf a Miami krut méi Fräiraum zougestanen. D'Amerikaner haten e puer Méiglechkeeten op den Éieregol, dozou sollt et awer net kommen. Mee och Paräis huet sech weider Chancen erausgespillt an hätt nach e Gol dropsetze kënnen. Um Enn blouf et beim verdéngte 4:0.