BGL-Ligue
Neie Spillplang fir d'Saison 2025/26 ass bekannt

Déi nei Saison an der ieweschter Divisioun am nationale Futtball fänkt den 3. August un. De leschte Spilldag ass den 23. Mee 2026.
Um éischten Spilldag kritt et de Champion Déifferdeng mam Opsteiger Biissen ze dinn. D‘Spëtzepartie heescht Diddeleng géint Nidderkuer. Dee leschte Spilldag virun der Wanterpaus ass de 7. Dezember. Duerno geet et den 8. Februar, also ronn 2 Méint drop, virun. Wie Champion gëtt, steet da spéitstens um leschte Spilldag den 23. Mee 2026 fest.
Komplette Spillplang vun der ieweschter Divisioun am nationale Futtball
Am meeschte gelies