En Donneschdeg sinn zu Wimbledon d'Halleffinalle bei den Damme gespillt ginn.

D'US-Amerikanerin Amanda Anisimova steet no hirer Victoire géint d'Favoritin Aryna Sabalenka aus Belarus an der Finall vu Wimbledon a kritt et do mat der Polin Iga Swiatek ze dinn.

D'Anisimova huet sech en Donneschdeg no engem grousse Kampf mat 6:4, 4:6 a 6:4 géint d'Nummer 1 op der Welt duerchgesat an dierf vun hirem éischte Grand-Slam-Titel dreemen. D'Swiatek huet sech an der zweeter Halleffinall kloer mat 6:2 a 6:0 géint d'Schwäizerin Belinda Bencic behaapt. D'Polin huet d'Chance op hire sechste Succès bei engem Major-Tournoi.

Fir d'Anisimova an d'Swiatek ass et jeeweils eng Première. Béid Spillerinne sti fir d'éischte Kéier beim Klassiker op Wuess an der Finall. Dës gëtt e Samschdeg um 17 Auer Lëtzebuerger Zäit gespillt. Fir d'Nummer 12 an d'Nummer 3 op der Welt geet et ëm e Präisgeld vun dräi Millioune Pond an d'Venus Rosewater Dish.

Wären den Halleffinalle vun de Damme gouf et dräi medezinesch Noutfäll. Bei Temperature vun 30 Grad si bei béide Matcher Spectateuren op der Tribün vum Centre Court kollabéiert. No kuerzen Ënnerbriechungen a Behandlunge konnten d'Partië weidergoen.