Anthony Moris wiesselt a Saudi-Arabien

© AFP / Anthony Moris / BRUNO FAHY BELGAAFP
Den Nationalgolkipp huet e Kontrakt bis 2027 beim Al-Khaleej FC ënnerschriwwen.
Zanter Deeg gouf driwwer spekuléiert. Elo ass et offiziell. Den Anthony Moris wiesselt vum belsche Champion Union Saint-Gilloise bei Al-Khaleej FC a Saudi-Arabien. De 35 Joer alen Nationalgolkipp hat u sech nach ee Joer Kontrakt beim Veräin aus der belscher Haaptstad an hätt déi nächst Saison och mat Union Saint-Gilloise kéinten an der Champions League spillen.
Déi nächst Saison spillt den Anthony Moris awer dogéint an der Saudi First Divisioun géint Spiller wéi de Cristiano Ronaldo oder de Sadio Mané. Al-Khaleej FC koum déi lescht Saison op déi 12. Plaz.
No Statioune bei ënner anerem dem Standard Léck a Virton war den 72-fachen Nationalspiller 2020 bei d'Union Saint-Gilloise gewiesselt. A senger Zäit bei der Union ass den Anthony Moris a senger éischter Saison an déi éischt belsch Liga opgestigen, huet 2024 déi belsch Coupe gewonnen, gouf déi lescht Saison Champion an huet véier Joer an der Europa League an an der Conference League gespillt.
Viru ronn zwee Joer ware mir den Anthony Moris bei d'Union Saint Gilloise besichen.