2. Plaz fir d'Patrizia van der Weken zu Heusden-Zolder

© VIRGINIE LEFOUR BELGA MAGBelga via AFP
D'Lëtzebuergerin ass mat 11,07 Sekonnen nëmme 7 Honnertstel iwwer hirem nationale Rekord bliwwen.
Staarken Optrëtt vum Patrizia van der Weken e Samschdeg den Owend bei der Night of Athletics zu Heusden-Zolder an der Belsch. D'Lëtzebuergerin ass iwwer 100 Meter mat engem staarke Chrono vun 11,07 Sekonnen op déi zweet Plaz komm.
Gewonne gouf d’Course vun der US-Amerikanerin Maia McCoy an 10,90 Sekonnen. D‘Drëtt ass d‘Belsch Rani Rosius an 11,17 Sekonne ginn.
Mat 11,07 Sekonnen ass d'Patrizia van der Weken ganz no un hir Saison Best erukomm. Zu Doha war si am Mee 11,05 Sekonne gelaf. Hiren nationale Rekord läit bei 11,00 Sekonnen.
D‘Victoria Rausch ass iwwer 100 Meter Hecken déi staark Drëtt ginn. Fir si ass d‘Auer no 13,27 Sekonne stoe bliwwen. Gewonnen huet d‘Slowenin Nika Glojnaric mat 12,96 Sekonnen. Déi zweete Plaz war fir d‘Mira Groot aus Holland an 13,25 Sekonnen.