Uyana Granger a Leni Welter verpasse Medail knapp

© COSL
Vum 20. bis de 26. Juli ass am nordmazedonesche Skopje den Europäeschen Olympesche Summer-Jugendfestival (EYOF) 2025.
Am Judo huet d'Leni Welter (WRL #27) bei den EYOF 2025 an der Kategorie ënner 70 kg de Kampf ëm d'Bronzemedail verluer. D'Stroossener Judoka hat et fäerdeg bruecht, d'Nummer 1 vun der Cadettes Weltranglëscht Lucie Rullier aus Frankräich ze eliminéieren. An der Véierelsfinall huet sech d'Leni Welter du géint déi Däitsch Boelcskei duerchgesat. An der Halleffinall gouf et dann eng knapp Defaite géint déi Belsch Valerie Tombou. (WRL #17), sou datt et géint d'Isabel Bob (WRL#21) ëm Bronze gaangen ass. Hei konnt sech schlussendlech dann awer och d'Rumänin behaapten.

© COSL
Liichtathletik
D'Uyana Granger ass iwwer 400 Meter Hecken op déi staark véiert Plaz gelaf. An der Finall ass d'Lëtzebuergerin e Chrono vun 59,49 Sekonne gelaf. Domadder huet si déi national Beschtzäite vun den U23, den U20 an den U18 verbessert. D'Beschtzäit bei den U23 hat d'Kim Reuland 2009 mat 59,74 Sekonnen opgestallt. D'Beschtzäit bei den U20 an den U18 hat d'Uyana Granger am Mee mat 59,78 Sekonne realiséiert.
Dëschtennis
Den Aaron Sahr hat hei d'Chance op eng Medail. De jonke Lëtzebuerger huet sech an der Véierelsfinall missen dem Gorkem Ocal aus der Tierkei geschloe ginn a gëtt um Enn dee Fënneften.