Lëtzebuerg ass staark vertruede bei de World Aquatics Masters Championships zu Singapur, wou 21 Schwëmmer aus siwe Veräiner a 76 Disziplinnen untrieden.

D'Lëtzebuerger Athleten trieden dobäi souwuel am oppene Waasser, wéi och an der Schwämm un. D'Championnat, dat vum 26. Juli bis den 22. August stattfënnt, gëtt op verschiddene Plazen zu Singapur organiséiert a steet ënner dem Motto "Water Shapes Us", also "Waasser formt eis".

Am Géigesaz zu der Weltmeeschterschaft vun der Elite trieden d'Masters-Athleten net fir d'Nationalekipp un, mee vertriede jeeweils hire Club.

Déi éischt Competitioune ware scho vum 26. bis de 27. Juli am oppene Waasser. Do huet d'Nicole Feitler vum Cercle de natation Dudelange mat enger Zäit vun 1:06:28 an der 3km-Course e staarkt Resultat erreecht: si koum op déi 7. Plaz an der Kategorie Dammen 65–69 Joer. An der Kategorie Dammen 30–34 Joer ass d'Julia Emilia Ervio vum Luxembourg Sharks Swimming Club op déi 12. Plaz geschwommen. D'Anne Boly, och vum Diddelenger Club, ass an der Kategorie 55–59 Joer gestart, mee koum net bannent der Zäitlimitt un d'Zil.

D'Indoor-Competitioune lafen tëscht dem 7. an dem 14. August am Singapore Sports Hub of.

Am meeschte vertruede sinn dobäi d'Luxembourg Sharks mat aacht Athleten an 33 Coursen. Virop sinn do zwee Athleten, déi ganzer fënnef Courssë schwammen: de Frederic Tonus (50–54), zwee Mol Crawl an dräi Mol Papillon, an d'Olivia Lorton (50–54), dräi Mol Crawl an zwee Mol Papillon. Déi aner Membere vum Team sinn de Gaspard Lammens-Flamment (25–29), de François Cochet (40–44), d'Martina Furlan (45–49), souwéi de Patrick Juncker, de Ricardo Nogarolli an de Markus Pfeffer (all 55–59 Joer).

D'Ekipp vum Swimming Luxembourg ass vertrueden ënnert der Leedung vum Trainer Didier Ecker. D'Jil Pocervina (35–39) trëtt am Réck, Papillon a 4 nages un. D'Malin Nilsson (50–54) schwëmmt véier Crawl-Courssen. De Swimming Luxembourg President Barry Black, deen och am Verwaltungsrot vun der FLNS sëtzt, war iwwerdeems och schonn als Arbitter bei der Elite am Asaz vum 11. Juli bis 3. August.

De Swimming Club ERA gëtt ugefouert vum Trainer André Schmit an huet véier Athleten a 15 Disziplinnen ugemellt: d'Carole Danielle Sailer (45–49), d'Tanja Koch, d'Nathalie Legrand an d'Joelle Alice Barbe Zocca (all 50–54).

Aner Lëtzebuerger Clibb sinn de Schwammclub Déifferdeng mam Nora Bohler a Max Mannes (allebéid 25–29), de Swimming Club le Dauphin Ettelbruck mam Carole Kettenmeyer-Reuland (45–49), an de Cercle Nautique Pétange mam Yohan Kelderman (25–29).

D'Masters-Weltmeeschterschafte feieren d'Ausdauer an d'Passioun vum Sport iwwer Generatiounen. Schwëmmer aus der ganzer Welt trieden a Kategorië vu 25 bis iwwer 100 Joer un.