D'Lëtzebuerger Nummer 1 war am Summer bei Al Khaleej a Saudi-Arabien gewiesselt.

Dee Wiessel kéint och Auswierkungen op d'Nationalekipp hunn. Wéi dhnet.be mellt, denkt de Lëtzebuerger Futtball-Nationalspiller Anthony Moris driwwer no, fir sech aus der Lëtzebuerger Futtball-Nationalekipp zeréckzezéien.

Wéi et am Artikel heescht, hätt de Moris rezent e Gespréich mam antëscht zeréckgetruedenen Nationaltrainer Luc Holtz gehat. Hien hätt him do gesot, datt e sech géing Gedanken iwwer d'Nationalekipp maachen. Hie géing gäre méi Zäit mat senger Fra sengen zwee Kanner a Saudi-Arabien verbréngen a géing dohier Flich vu ronn néng Stonnen net méi gäre wëllen op sech huelen.

Fir d'lescht stoung de Moris de 25. Mäerz bei der 1:3-Néierlag am Testmatch géint d'Schwäiz tëscht de Pottoe vun der Lëtzebuerger Nationalekipp. Seng Karriär bei de roude Léiwen huet virun 11 Joer ugefaangen. Bis ewell kënnt hien op 72 Asätz mat der FLF-Formatioun.

De Successeur vum Moris steet dann och schonn an de Startlächer. Den 19 Joer alen Tiago Pereira war fir d'lescht Nummer 2.

Wéi belsch Medie mellen, hätt d'Lëtzebuerger Nummer 1, deen 11 Joer an 73 Matcher fir d’Lëtzebuerger Nationalequipe gespillt huet, de Lëtzebuerger Selectionneur kontaktéiert, fir iwwer ee méigleche Réckzuch ze schwätzen. De Moris war iwwerdeems bis dëse Juli Gardien beim belsche Club Union Saint-Giloise, an huet dëse Summer bei Al Khaleej a Saudi Arabien gewiesselt. Dee Kontrakt ass bis 2027 ënnerschriwwen.