Champions LeagueReal Madrid, Manchester City an Dortmund starten erfollegräich an d'Kinneksklass

Steven Milbert
En Dënschdeg stoungen am Kader vum Optakt vun der neier Champions-League-Saison ganzer 6 Matcher um Programm. Dobäi gouf et mam Match Real Madrid géint Inter Mailand direkt eng Top-Affiche.
© Pierre-Philippe Marcou / AFP

Um Dënschdeg ass déi nei Champions-League-Saison mat den éischte sechs Matcher lancéiert ginn, bei deenen ënner anerem Real Madrid, Borussia Dortmund, Manchester City an Aston Villa direkt mat enger Victoire an d'Kinneksklass gestart sinn.

Den Detail vun de Matcher mat de Goler am Video

Real Madrid - Inter Mailand 2:1
1:0 Mbappé (14'), 2:0 Valverde (23'), 2:1 Carlos Augusto (77')

Am Bernabéu huet Inter Mailand de bessere Start an de Match erwëscht souwéi an deenen éischte Minutte mat vill Ballbesëtz a gudde Ballkombinatiounen iwwerzeegt. D'Italieener hu sech och déi éischt Chancen erausgespillt, mä virum Gol huet déi néideg Prezisioun gefeelt. Real Madrid war dogéint däitlech méi kalbliddeg an effikass: No engem Ballverloscht am Mëttelfeld vum Inter huet de Brahim Diaz den Mbappé an Zeen gesat, deen aus ronn 16 Meter flaach den 1:0 markéiert huet. Och dono huet den Inter monter weidergespillt, mä individuell Feeler hunn de Gäscht de Match schwéier gemaach. An der 23. Minutt huet den Inter-Golkipp Martinez no enger Réckpass probéiert, de Valverde auszedribbelen, mä de Real-Spiller ass dotëscht gaangen an huet op 2:0 erhéicht. Kuerz virun der Paus hat de Real souguer nach d'Chance op den drëtte Gol, mä de Martinez konnt géint den Mbappé an de Bellingham staark paréieren a Schlëmmeres verhënneren.

Real Madrid huet no der 2:0-Féierung an der Paus och am zweeten Duerchgang ëmmer nees d'Chance gehat, fir de Match fréizäiteg ze entscheeden. Besonnesch den Mbappé an de Bellingham hunn den drëtte Gol leie gelooss, wärend Inter trotz Réckstand weider gutt matgespillt huet, mä virum Gol einfach net konsequent genuch war. De Courtois huet dobäi e puer Mol staark missen agräifen an huet Real virum Uschlossgol gerett. An der 77. Minutt gouf et dunn awer nach eemol spannend: No enger gudder Aktioun iwwert déi riets Säit huet de Lautaro Martinez de Ball queesch geluecht, wou de Carlos Augusto um Fënnefmeterraum richteg stoung an op 2:1 verkierzt huet. Inter huet an der Schlussphas nach eemol alles no vir gehäit, mee de Real huet et clever iwwer d'Zäit bruecht a sech domadder beim Optakt an der Champions League déi éischt dräi Punkte geséchert.

Déi bescht Zeenen aus dem Match tëscht Real Madrid an Inter Mailand
Real Madrid feiert zum Start vun der neier Saison an der Kinneksklass eng Victoire

Club Brügge - Aston Villa 2:3
0:1 McGinn (11'), 1:1 Vetlesen (19'), 1:2 Buendia (22'), 1:3 Jackson (43'), 2:3 Tresoldi (61', Eelefmeter)

AEK Athen - Linzer ASK 1:0
1:0 Marin (21')

Aston Villa huet sech beim belsche Champion Club Brügge mat 3:2 duerchgesat a sech domadder déi éischte Victoire an dëser Saison kompetitiounsiwwergräiffend geséchert. D'Englänner hu vun Ufank u voll opgespillt a sinn duerch e schéine Schoss vum McGinn verdéngt fréi a Féierung gaangen. Brügge konnt duerch de Vetlesen zwar séier äntweren, mä de Buendia huet direkt am Géigenzuch nees op 2:1 fir d'Männer vu Birmingham gestallt. Kuerz virun der Paus huet den Jackson no engem Feeler vum Sommer op 3:1 erhéicht. Nom Säitewiessel ass Brügge ëmmer méi staark ginn an duerch en Eelefmeter vum Tresoldi nach eng Kéier erukomm. An der Schlussphas hunn d'Belsch op den Ausgläich gedréckt, mä Aston Villa huet d'Féierung iwwer d'Zäit bruecht a sech esou déi éischten dräi Punkten an dëser Champions-League-Saison geséchert.

Fir de Linzer ASK ass deen éischten Champions-League-Match an der Veräinsgeschicht mat enger knapper Defaite op en Enn gaangen. Bei AEK Athen hunn d'Éisträicher zwar engagéiert ugefaangen an haten duerch den Andrade och den éischten Ofschloss am Match, mä no 21 Minutte war et de Marin, deen e Fräistouss wonnerschéin am Latekräiz ënnerbruecht an domadder fir den 1:0 gesuergt huet. No der Féierung hat Athen de Match am Grëff an huet dësen iwwert wäit Strecken geréiert, och wann de LASK virun der Paus duerch de Lang an direkt nom Säitewiessel duerch den Horvath nach zwou gutt Méiglechkeeten hat. D'Griichen hu méi spéit nach e Jovic-Gol vum VAR oferkannt kritt, soudatt no 90 Minutten en 1:0 fir Athen um Bou vum Match stoung.

D'Resuméë vun de Matcher Brügge géint Aston Villa an Athen géint Linz
An engem serréierte Match setzt sech Villa auswäerts zu Brügge duerch, wärend Athen eng Heemvictoire géint Linz feiert.

Borussia Dortmund - FC Villarreal 3:2
1:0 Veiga (53', Eegegol), 1:1 Mourino (67'), 2:1 Guirassy (80'), 3:1 Guirassy (85', Eelefmeter), 3:2 Guirassy (90'+3)

FC Porto - Manchester City 0:2
0:1 Haaland (47'), 0:2 Haaland (90'+1)

Borussia Dortmund huet seng nei Champions-League-Campagne mat enger 3:1-Victoire géint Villarreal gestart. No enger éischter Hallschent mat wéineg Héichpunkten, mä enger batterer Blessur vum Karetsas, ass de BVB nom Säitewiessel besser an de Match komm a konnt duerch en Eegegol vum Renato Veiga a Féierung goen. Villarreal huet awer reagéiert an duerch de Mourino no engem Corner verdéngt op 1:1 ausgeglach.
An der Schlussphas hat den Dortmunder Trainer Kovac dunn eng gëllen Händchen: De Fabio Silva koum vun der Bänk, huet fir vill Schwong gesuergt an de Guirassy beim 2:1 gutt an Zeen gesat. Kuerz drop krut de BVB no engem Foul um Guirassy en Eelefmeter, deen de Stiermer selwer souverän zum 3:1 eragesat huet. Domadder huet Dortmund de Match spéit fir sech entscheet an déi éischt dräi Punkten an der Kinneksklass agefuer. Och den Eegegol an der 93. Minutt vum Guirassy, konnt un der Victoire vum BVB näischt méi änneren.

Manchester City huet sech beim FC Porto laang schwéiergedoen, konnt um Enn awer duerch en Haaland-Gol mat 1:0 a Féierung goen. An engem intensive Match bei Reen haten d'Skyblues zwar vill Ballbesëtz a virun der Paus duerch den Haaland an den Cherki och zwee Mol déi grouss Chance op den 1:0, mä den Diogo Costa huet Porto mat staarke Paraden am Match gehalen. No vir koum vun de Portugisen an der éischter Hallschent dogéint ze wéineg, soudatt si selwer nëmme seele geféierlech gi sinn. Direkt nom Säitewiessel huet City dunn awer zougeschloen: No Viraarbecht vum Fernandez huet den Haaland de Ball per Kapp am Gol ënnerbruecht. Porto huet dono méi Courage gewisen a sech duerch den Alberto Costa, Varela a Pepe e puer gutt Méiglechkeeten erausgespillt, mä den Ausgläich sollt net méi falen. City huet de Match an der Schlussphas nees besser kontrolléiert a konnt duerch den Haaland an der Nospillzäit vun der zweeter Hallschent nach op 2:0 erhéijen. Um Enn setzt sech City awer mat 1:0 duerch

D'Resuméë vun de Matcher Dortmund géint Villarreal a Porto géint Manchester City
Dortmund a Villarreal trenne sech 3:2, Manchester City ka sech géint Porto behaapten a sech dräi Punkte sécheren.

OSC Lille - Betis Sevilla 2:3
1:0 Ueda (12'), 1:1 Bartra (33'), 2:1 Alexsandro (36'), 2:2 Bartra (49'), 2:3 Parrott (53')

Real Betis huet bei sengem Retour an d'Champions League e spektakulären 3:2-Succès zu Lille gefeiert. Dobäi waren et eigentlech d'Fransousen, déi no enger éischter Hallschent mat wéinegen Highlighte mat 2:1 vir waren: Den Ueda hat Lille mat der éischter richteger Chance a Féierung bruecht, de Bartra konnt ronn 20 Minutten drop fir Betis ausgläichen, éier den Alexsandro no engem Corner nach virun der Paus nees op 2:1 fir den OSC gestallt huet. Nom Säitewiessel huet sech de Match dunn awer komplett gedréint. Fir d'éischt huet de Bartra no engem Fräistouss vum Isco op 2:2 gestallt, just e puer Minutte méi spéit huet de Parrott d'Gäscht mat engem sate Schoss fir d'éischte Kéier an dësem Match a Féierung bruecht. Wéi den Ethan Mbappé kuerz drop no enger Tätlechkeet rout gesinn huet, gouf et fir Lille schwéier, dëse Match nees ze dréinen. Dëst sollt de Fransousen um Enn och net geléngen, Betis huet d'Féierung souverän kontrolléiert an iwwert d'Zäit bruecht an domadder déi dräi Punkten aus Nordfrankräich mat a Spuenien geholl.

De Resumé vum Match tëscht Lille a Real Betis
No 90 Minutte ka Real Betis de Match dréinen an eng 3:2-Auswäertsvictoire feieren


All d'Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Champions League ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO