Fir de Martins geet et an d'Schwäiz an de Veiga spillt an Zukunft an Albanien.

De Marvin Martins, deen ouni Veräin war, wiesselt an d'Schwäiz. Wéi den FC Winterthur e Freideg matgedeelt huet, huet de Lëtzebuerger e Kontrakt vun engem Joer mat Optioun op eng weider Saison ënnerschriwwen.

Bis ewell huet de Martins am Ausland fir véier verschidde Veräiner gespillt: Karpaty Lviv (Ukrain), Casa Pia (Portugal), Austria Wien (Éisträich) an Almere City (Holland).

De Veräin ass an der ieweschter Divisioun vum Schwäizer Championnat no dräi Spilldeeg Tabelleleschten.

En neie Veräin huet och den Eric Veiga fonnt. Nodeems säi Kontrakt bei AVS a Portugal net verlängert gi war, ass hie bei Flamurtari FC an Albanien gewiesselt. De Veräin huet d'lescht Saison den Opstig an déi héchst Liga gepackt.

Scho virun enger décker Woch hat och den Yvandro Borges een neie Kontrakt ënnerschriwwen. Hie wiesselt vu Gladbach aus der Bundesliga bei Heracles Almelo an Holland. Gladbach soll eng Réckkafoptioun an Héicht vun 2 bis 2,5 Milliounen Euro hunn.

Fir de Borges ass d'Eredivisie net onbekannt. D'lescht Joer war hie fir sechs Méint un den NEC Nijmegen ausgeléint.