D'Rout Léiwe spillen e Sonndeg den Owend hir zweet Partie an der WM-Qualifikatioun.

No Nordirland waart e Sonndeg den Owend am Stade de Luxembourg mat der Slowakei deen nächste Géigner op de Jeff Strasser a seng Ekipp. Ass et ass fir d'Rout Léiwen deen zweete Matcher an der Qualifikatioun fir d'WM 2026.

D'Partie kënnt Dir vun 20.30 Auer u live op RTL Tëlee, op RTL.lu, op RTL Play an um Radio suivéieren.
Um Platto sinn den Tom Flammang an de Patrick Grettnich.

Kommentéiert gëtt de Match vum Jeff Kettenmeyer an dem Marc Oberweis.

Sender:
RTL ZWEE
Ufank vun der Emissioun: 20h30
Ufank vum Match: 20h45
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 23h15

Mir iwwerdroen op RTL.lu an iwwer d'Appen de Programm vun RTL ZWEE

Och d'Kolleege vun RTL Infos sinn um Match mat dobäi. D'Partie Lëtzebuerg géint d'Slowakei mam franséische Commentaire vum Jérôme Didelot an dem Gaël Arellano fannt Dir vun 20.30 Auer un hei.

De Kader vun de roude Léiwen

RTL

D'Resultater vun der WM-Qualifikatioun

D'Tabellen