De Max Verstappen séchert sech d'Pole zu Monza

© AFP
Den Hollänner geet e Sonndeg virun den zwee McLaren-Piloten Norris a Piastri un den Depart.
Mat engem neie Streckerekord huet de Verstappen sech zu Monza déi 45. Pole Position vu senger Karriär a seng 5. vun der Saison geséchert. Mat enger Duerchschnëttsvitesse vun 264,68 km/h war et déi séierste Ronn, déi jeemools an der Formel 1 gefuer ginn ass.
Déi zwee McLaren-Piloten Norris a Piastri ginn e Sonndeg vun de Positiounen 2 an 3 un den Depart. D'Ferrari-Coequipieren Leclerc an Hamilton hunn et op d'Plaze 4 a 5 gepackt, wéinst enger Grid-Strof gëtt den Hamilton awer 5 Plazen no hanne geréckelt. Déi drëtt Startrei ass domat fir Mercedes mat Russell an Antonelli.
Zanter dem Leclerc 2019 konnt zu Monza kee méi vun der Pole Position aus d'Course gewonnen.
Schonn nom Q1 hu béid Racing-Bulls-Piloten Hadjar a Lawson den Auto an der Garage kënnen ofstellen. Och fir de Stroll am Aston Martin an den Alpine-Duo Gasly a Colapinto war de Qualifying eriwwer.
Fir déi zwee Williams-Piloten Sainz an Albon war dunn nom Q2 Feierowend, genausou wéi fir den Hülkenberg am Sauber a fir d'Haas-Coequipieren Bearman an Ocon.
Den Depart vun der Course ass e Sonndeg um 15h00. D'Emissioun kënnt Dir vu 14h15 un op RTL ZWEE an um RTL Play suivéieren.