D'Sabalenka verdeedegt domadder den Titel a feiert hire 4. Grand-Slam-Erfolleg.

Nodeems béid Halleffinallen nach iwwer 3 Sätz gaange waren, war d'Finall e Samschdeg den Owend no zwee Sätz entscheet.

Um Enn setzt d'Aryna Sabalenka sech 6:3 a 7:6 (7:3) géint d'Amanda Anisimova duerch a gewënnt no 2024 fir déi zweete Kéier d'US Open. Zanter 2014 war et kenger Spillerin méi gelongen, den Titel an den USA ze verdeedegen.

An engem éischte Saz mat ville verluerenen Opschlagspiller ass dem Sabalenka den decisive Break zum 5:3 gelongen, soudass d'Nummer 1 op der Weltranglëscht de Saz 6:3 gewanne konnt.

Am zweete Saz hu béid Spillerinnen zwee Opschlagspiller verluer, woumat d'Decisioun huet missen am Tie-Break falen. D'Sabalenka hat hir lescht 18 Tie-Breaks alleguerte gewonnen an huet dunn och an dësem d'Nerve behalen.