Portugal hat an Armenien keng Problemer an och England konnt sech géint Andorra duerchsetzen.

Portugal huet an Armenien vun Ufank u keng Zweiwel drun opkomme gelooss, wien am éischte Match vum Grupp F sollt als Vainqueur vum Terrain goen. No 10 Minutten huet de Félix seng Faarwe per Kapp a Féierung bruecht, no enger hallwer Stonn stoung et no Goler vu Ronaldo a Cancelo schonn 0:3. Nom Säitewiessel hunn d'Portugisen duerch de Ronaldo an de Félix nach zwee Goler dropgesat, soudass si den éischte Match vun der Qualifikatioun 5:0 gewannen.

Am anere Match vum Grupp huet et no fréie Goler vu Varga a Sallai dono ausgesinn, wéi wann Ungarn sech kéint an Irland duerchsetzen. D'Iren hunn awer duerch de Ferguson kuerz no der Paus verkierzt an dunn an der Nospillzäit duerch den Idah nach den 2:2 markéiert.

Donieft huet England sech souverän mat 2:0 géint Andorra duerchgesat. Dem Thomas Tuchel seng Ekipp huet d'Partie mat méi wéi 80% Ballbesëtz dominéiert, virum Gol huet een awer e puer Mol déi néideg Effizienz vermësse gelooss. E Selbstgol vum Garcia huet no enger knapper hallwer Stonn fir déi englesch Féierung gesuergt. An der 67. Minutt huet de Rice du per Kapp den 2:0 geschoss an de Match domat entscheet.

All d'Resultater an d'Tabellen