De Weekend steet an der ieweschter Divisioun vum nationalen Handballchampionnat den 2. Spilldag um Programm.

Fir Esch ass et e Samschdeg den éischte Match vun der Saison am Championnat. De leschte Weekend war ee wéinst dem European Cup net am Asaz. Hei war een eliminéiert ginn. De Weekend waart als éischte Géigner am Championnat Déifferdeng. D'Partie kënnt Dir am kommentéiere Stream an der RTL Live Arena kucken. Och déi weider Matcher kënnt Dir live kucken.

Ufank vum Stream: 19h55
Ufank vum Match: 20h15

Livestream vu weidere Matcher aus der Axa League an der RTL Live Arena

Programm vun all de Livestreamen aus der RTL Live Arena