De Khamzat Chimaev op Besuch zu Lëtzebuerg
D'leschte Samschdeg konnten d'Lëtzebuerger Kampfsportler eng Ikon vun hirem Sport live erliewen a kenneléieren.
De Khamzat Chimaev, een tschetscheeneschen MMA-Kämpfer, dee viru knapp engem Mount de UFC-Titel a senger Gewiichtsklass gewonnen huet, war d'leschte Samschdeg op Besuch am Grand-Duché. Am “Hal national des arts martiaux” zu Stroossen gouf hie vun honnerte Sportbegeeschterte begréisst a gefeiert.
Organiséiert huet dat Ganzt de Miomir Vujovic, besser bekannt als Miki. Hien ass haaptberufflech Responsabel fir de Service Streetwork vun Inter-Actions, a niewebäi och President vun der Lëtzebuerger MMA-Federatioun. Zënter Jore scho setzt hie sech hei am Land fir de Kampfsport an.
Wärend dem kollektiven Training waren d’Blécker an der Sportshal all op den Champion aus Tschetschenien geriicht. Dee sech et net huele gelooss huet, de Kämfer vereenzelt Tipps ze ginn, wéi si sech am Kampf kënne verbesseren. Fir vill vun hinne war dëst een eenzegaartegt Erliefnes.