Gol e leschter Sekonn bréngt Diddeleng an den nächsten Tour vum European Cup

© Val Wagner (Archiv)
An enger Häerzschlagfinall huet sech den HBD mat 29:24 géint Butel Skopje duerchgesat a steet domat am nächsten Tour vum European Cup.
No der knapper Defaite virun enger Woch an eegener Hal (27:31) wosst den HB Diddeleng, dass et am Réckmatch gegollt huet, 4 Goler opzehuelen. Dës Hypothéik hunn d'Spiller vum neien Trainer Dusko Bilanovic awer a leschter Sekonn gepackt an de Match géint Butel Skopje 29:24 gewonnen. Duerch de leschte Gol steet d'Ekipp aus der Forge du Sud am zweeten Tour vum European Cup.
Am Allermatch hate virun allem ze vill technesch an individuell Feeler am Ufank an an der Mëtt vum Match e bessert Resultat verhënnert. Zwar konnt sech den HBD an der zweeter Hallschent erukämpfen, mee an der decisiver Phas hate sech nees Onkonzentréierheeten ageschlach a 5 Minutte viru Schluss louch ee 7 Goler hannen. Mat den dräi leschten Aktioune konnten Etute, Hippert a Co de Réckstand awer nach verkierzen.
Op den Éiergäiz aus de leschte Minutte wollt den Trainer Bilanovic am Retourmatch opbauen. Wéi schonn am Match zu Diddeleng konnt sech laang keng Ekipp ofsetzen. De gréisste Virsprong fir béid Ekippe louch bei zwee Goler. Diddeleng war an der Paus 13:12 am Avantage.
De lëtzebuergesche Vertrieder koum mat vill Energie aus der Kabinn an hat déi 4 Goler aus dem Allermatch no 37 Minutten opgeholl (18:14). Skopje konnt sech awer erkréien a war no 47 Minutten nees gläich op (20:20).
An der 54. Minutt stoung en 23:23 um Tablo. Genee wéi virun enger Woch huet den HBD e Schlussspurt sans faute higeluecht. D'Hoffnung, déi 4 Goler nach opzehuelen, war do. Mat engem 6:1-Laf konnt een um Enn och jubelen.
Wéi d'Nordmazedonier am leschten Ugrëff de Ball hiergeschenkt hunn, huet Diddeleng dëse Feeler a Form vum Fynn Köller äiskal ausgenotzt an a leschter Sekonn zum 29:24 eragesat. Domat war den HBD direkt qualifizéiert a konnt d'7-Meter-Schéissen evitéieren. Bescht Buteure waren de staarke Loris Labonté an den Itua Etute mat jee 6 Goler.
Am nächsten Tour waart mat KH Rahoveci e weidere Vertrieder vum Balkan. D'Ekipp aus dem Kosovo huet bis elo just zwee Mol um European Cup participéiert, hat an der viregter Saison awer d'Hollänner vu Bocholt eliminéiert. Et dierft also e Géigner op Aenhéicht fir den HBD ginn.
Nieft de Fiiss wäerten dann och d'Red Boys Déifferdeng an den HC Bierchem an d'Kompetitioun agräifen. De Lëtzebuerger Champion kritt et och mat enger kosovarescher Ekipp, KH Kastrioti, ze dinn a spillt seng zwee Matcher am Kosovo. De Coupegewënner aus dem Réiserbann trëtt an engem Doubleheader géint Oxford University HC un. All d'Matcher ginn de Weekend vum 17. Oktober gespillt.