E Sonndeg ass den Optakt vum nationale Basket-Championnat vun den Dammen. De Champion ass net méi dobäi an um Enn wäert keng Ekipp ofsteigen.

Mat engem speziellen Event start d'Enovos League bei den Dammen. Déi dräi Matcher vum Championnat an ee Frëndschaftsmatch ginn noeneen um INS gespillt, mam Zil, den Dammebasket ze promouvéieren.

Nom Réckzuch vum Champion Gréngewald Hueschtert aus der Enovos League spillen nëmmen nach 7 Ekippen an der éischter Liga géinteneen. Doduerch ass och de Championnat wuel däitlech méi ausgeglach wéi an de vergaangene Joren. Eng ganz Rei vun Ekippe maache sech Hoffnungen, dës Saison en Titel ze gewannen, wat en interessante Championnat versprécht.

Eng vun den Ekippen, déi sech Hoffnunge maachen, ass den AB Conter. D'Trainerin vum Joer 2024/25 Fabienne Fuger muss leider déi ganz Saison op d'Charlie Bidinger verzichten. D'Erwaardunge bleiwen trotzdeem héich.

„Mir gi mat ganz héijen Ambitiounen an d'Saison, eist Mindestzil ass et, d'Halleffinall ze spillen. Leider ass den Ausfall vum Charlie (Kräizbandverletzung) e grousse Réckschlag, mee ech bleiwen optimistesch." 

Eng ganz Rei vun Ekippen hu sech gutt verstäerkt a kéinten dem Fabienne Fuger no ganz uewe matspillen.

„An éischter Linn den T71 Diddeleng, mee och op Ekippe wéi Bartreng, Wolz an Esch muss ee ganz gutt oppassen, et gëtt sécherlech interessant."

Keen Ofsteiger

D'Sparta Bartreng steet als Finalist vu leschter Saison kloer op der Favorittelëscht an d'Ekipp huet en Titel fest am Viséier. Wolz an Esch waren d'lescht Saison net esou staark, hu sech allerdéngs am Summer massiv verstäerkt. Wolz konnt mat den Hetting-Schwësteren zwou staark Spillerinne verflichten a kéint op ee Coup zu engem Titelfavorit ginn. De Basket Esch huet sech mam Jovana Jaksic eng staark Spillerin vum Champion Gréngewald gekroopt. D'Amicale Steesel kéint mam neie Coach Paul Missavage och en anert Gesiicht weisen, d'Musel Pikes ginn dogéint als Aussesäiter an d'Saison.

Well awer keng Ekipp wäert erausfalen, kënnen d'Clibb ouni Drock spillen. Insgesamt spillen all Ekippen 3 Mol géinteneen, duerno geet et weider mat den Halleffinallen an der Finall. D'Ekippen op de Plaze 5-7 spillen zwar nach emol géinteneen, sportlech hunn dës Matcher allerdéngs keng gréisser Bedeitung.

Ob an der Saison 2026/27 nees 8 Ekippen an der Enovos League wäerten untrieden, bleift ofzewaarden. Dat lescht Joer hunn d'Ekippen aus der Nationale 2 fräiwëlleg op den Opstig verzicht.

D'Matcher kënnt Dir nees an der RTL Live Arena kucken.

RTL

Den Iwwerbléck vum Spillplang