De Weekend ass am nationale Futtball Paus am Championnat. Um Programm steet d'Coupe.

E Freideg den Owend ass den Optakt vun den 1/32-Finallen an der Coupe de Luxembourg am Futtball. Vun dëser Ronn u sinn och d'Veräiner aus der BGL Ligue mat dobäi.

Den Titelverdeedeger Déifferdeng ass e Freideg den Owend géint Éilereng aus der 2. Divisioun gefuerdert. Dës Partie wéi och de Match tëscht Sandweiler aus der 1. Divisioun a Kanech aus der BGL Ligue kënnt Dir an der RTL Live Arena kucken.

Aus technesche Grënn ginn net all d'Coupematcher an der RTL Live Arena gewisen.

Den Iwwerbléck vun de Matcher