José Mourinho soll Trainer vu Benfica Lissabon mam Leandro Barreiro ginn

© PATRICIA DE MELO MOREIRA / AFP
Nodeems en Enn August bei Fenerbahçe Istanbul geflu war, huet "The Special One" a senger Heemecht schonn erëm en neien Job fonnt.
No der 2:3 Néierlag géint den FK Karabag Agdam aus Aserbaidschan huet Benfica Lissabon sech nach an der Nuecht nom Match vum Trainer Bruno Lage getrennt. Schonn an de Stonnen duerno soll de José Mourinho säin Accord ginn hunn, fir d'Ekipp z'iwwerhuelen. En Donneschdeg de Moie huet Abola, de wichtegste Sportmedium a Portugal gemellt, datt den Deal an dréchenen Dicher wier.
Den 62 Joer ale Starcoach hat nach bis viru Kuerzem Fenerbahce Istanbul trainéiert. Nodeems hien ausgerechent géint Benfica an de Playoffe vun der Championsleague erausgeflu war, haten d'Tierken de Portugis fräigestallt. No méi wéi 20 Joer am Ausland ass et elo de Retour an d'Heemecht. Dem Mourinho säi Successeur an der Tierkei soll den Däitschen Domenico Tedesco ginn.
Als Successeur vum Jupp Heynckes war de Mourinho am Joer 2000 schonn emol fir eng kuerz Zäit op der Bänk vu Benfica - et war deemools den Ufank vu senger erfollegräicher Karriär als Trainer. Aktuell läit den Traditiounsclub an der nationaler Liga mat dräi Victoiren an engem Gläichspill no véier Spilldeeg op Plaz véier. "The Special One" gëtt domat neien Trainer vum Lëtzebuerger Nationalspiller Leandro Barreiro.