Sprint-Victoire fir Mathieu Kockelmann, Mil Morang neie Leader am Biergpräis
Op der zweeter Etapp, déi iwwer 168.4 Kilometer vu Réimech op Mamer gaangen ass, huet d'Lëtzebuerger Ekipp ee perfekten Dag erwëscht.
Op der Arrivée zu Mamer hat de Mathieu Kockelmann en Donneschdeg am Massesprint déi séierste Been. De Lëtzebuerger huet sech virum Italiener Andrea Vendrame an dem Fransous Tom Donnenwirth d'Dagesvictoire geséchert.
Mam Mil Morang a Loïc Bettendorff waren zwee Lëtzebuerger Coureure laang an der Echappée. De Mil Morang huet sech dobäi bei der Montée vum Mariendallerhaff d'Féierung am Biergpräis geholl an de Loïc Bettendorff gouf als "Plus-combatif" vum Dag ausgezeechent. Awer net fir all Lëtzebuerger Coureur war alles gutt ausgaangen. Op der Ligne d'arrivée gouf den Arthur Kluckers am Sprint an eng Chute verwéckelt.
Am General bleift de Franous Romain Grégoire de Leader mat véier Sekonne virum neien Zweeten Andrea Vendrame an dem Hollänner Marijn van den Berg. Beschte Lëtzebuerger ass de Mats Wenzel als 10..
Resumé
Nom Depart zu Réimech stoung mat der Côte vu Wëntreng direkt eng éischt Montée um Programm, déi sech mat enger Pente vun duerchschnëttlech 5,2 Prozent iwwer 2 Kilometer erstreckt huet. Wéi déi gepackt war, huet sech e klenge Grupp vu siwe Coureure vum Peloton geléist, an deem sech mam Mil Morang a Loïc Bettendorff och zwee Lëtzebuerger rëmfonnt hunn. De Loïc Bettendorff huet dobäi am virtuelle Generalklassement tëschenzäitlech souguer d'Féierung iwwerholl. Eng weider Montée gouf et dann nom Passage duerch Réimech mat der Côte vu Remerschen, wou et iwwer 1,5 Kilometer am Duerchschnëtt 5,5 Prozent, mat maximal 8,4 Prozent, eropgaangen ass. Duerno war d'Etapp da gréisstendeels flaach an den Ecart vum Spëtzegrupp ass op knapp fënnef Minutte gewuess. Via Beetebuerg an iwwer Stengefort sinn d'Coureure bei beschtem Wieder ëmmer méi no bei déi lescht a géist Montée vum Dag komm. Beim Mariendallerhaff mat enger Pente vu 6,3 Prozent konnt sech de Mil Morang uewen duerchsetzen an domat d'Féierung vum Biergpräis am General iwwerhuelen.
Mëttlerweil war den Ecart vum Spëtzegrupp ëmmer méi kleng ginn, well de Peloton hannendrun d'Vitess ëmmer weider ugezunn huet. Fir de leschten Deel vun der Course ass et dann op e Circuit tëscht Kielen a Mamer gaangen, wou nach zwee Mol laanscht déi eigentlech Arrivée, beim Haus vum Nicolas Frantz, dem zweefache Lëtzebuerger Gewënner vum Tour de France, de selwechten Tour gedréint ginn ass. Am leschten Tour, nëmme fënnef Kilometer viru Schluss, sinn dann déi lescht véier Coureuren aus dem Spëtzegrupp, dorënner och de Loïc Bettendorff, trotz engem groussen Effort nach agefaange ginn. D'Decisioun ass deemno am Massesprint gefall, wou sech schlussendlech de Mathieu Kockelmann duerchsetze konnt. Op der Ligne d'arrivée ass den Arthur Kluckers donieft an eng Chute verwéckelt ginn.
20 Ekippen, dorënner 8 UCI WorldTeams, mat am Ganzen 119 Coureure sinn un den Depart. Nieft de villen internationale Stare si bei dëser 85. Editioun och zéng Lëtzebuerger um Depart:
Mats Wenzel, Michel Ries, de Champion Arthur Kluckers, Loïc Bettendorff, Mats Berns, Alexandre Kess, Mathieu Kockelmann, Mil Morang, Noé Ury an den Arno Wallenborn.
Resultat vun der 2. Etapp
1.KOCKELMANN Mathieu 3:48:47
2. VENDRAME Andrea ,,
3. DONNENWIRTH Tom ,,
4. DEL GROSSO Tibor ,,
5. VAN DEN BERG ,,
6. VILLA Giacomo ,,
7. BEVORT Carl-Frederik
8. KRAGH ANDERSEN Soren ,,
9. REINDERINK Pepijn ,,
10. BURGAUDEAU Mathieu ,,
...
15. WENZEL Mats ,,
21. URY Noé ,,
48. RIES Michel ,,
56. WALLENBORN Arno ,,
57. KESS Alexandre ,,
93. BERNS Mats ,,
104. MORANG Mil 2:20
105. BETTENDORFF Loïc ,,
108. KLUCKERS Arthur ,,
Generalklassement
1.GREGOIRE Romain 7:29:22
2. VENDRAME Andrea 0:04
3. VAN DEN BERG ,,
4. HIRSCHI Marc 0:06
5. DEL GROSSO Tibor 0:10
6. KRAGH ANDERSEN Soren ,,
7. REINDERINK Pepijn ,,
8. BURGAUDEAU Mathieu ,,
9. BEVORT Carl-Frederik ,,
10. WENZEL MATS ,,
...
30. WALLENBORN Arno ,,
43. RIES Michel 0:27
52. KESS Alexandre 0:43
75. BETTENDORFF Loïc 2:53
78. KOCKELMANN Mathieu 2:54
89. KLUCKERS Arthur 3:41
91. URY Noé 4:43