Newcastle verléiert knapp géint Barcelona, ManCity klappt Neapel

© OLI SCARFF/AFP
No enger 1. Hallschent ouni Goler huet sech Barcelona mat 2:1 zu Newcastle duerchgesat. De Marcus Rahsford huet zweemol fir d'Spuenier markéiert.
Um Donneschdeg Owend war an der Futtball Champions League den Ofschloss vum éischte Spilldag.
Newcastle huet sech misse mat 1:2 géint Barcelona geschloe ginn. D'Englänner waren an der 1. Hallschent méi staark, hunn de Ball awer net am Gol ënnerbruecht. Nom Säitewiessel ass Barcelona mat der éischter Geleeënheet a Féierung gaangen a konnt kuerz drop op 2:0 erhéijen. De Marcus Rashford huet béid Goler markéiert. An der Schlussphas konnten d'Englänner zwar verkierzen, méi war awer net méi dran.
Neapel huet zu Manchester City mat 0:2 verluer. Beim Retour vum Kevin de Bruyne waren d'Italieener ab der 21. Minutt an Ënnerzuel an haten an der Suite géint Dominanz vun der Heemekipp näischt ze gutt.
No enger schwaacher Ufanksphas mat engem Géigegol konnt Frankfurt de Match géint Galatasaray an der éischter Hallschent schonn dréinen an huet sech um Enn verdéngt mat 5:1 behaapt. Bei der Première an der Kinneksklass huet Almaty mat 1:4 bei Sporting Lissabon de Kierzere gezunn.
An de fréie Matcher hu Kopenhagen a Leverkusen 2:2 gläich gespillt a Bruges konnt sech mat 4:1 géint Monaco duerchsetzen.
Um Mëttwoch hat Bayern ënner anerem géint Chelsea gewonnen.
Den Detail vun de Matcher mat de Goler am Video
Newcastle - Barcelona 1:2
0:1 Rashford (58'), 0:2 Rashford (67'), 1:2 Gordon (90')
D'Heemekipp huet d'Partie mat vill Elan ugefaangen a Barcelona fréi an der eegener Hallschent ënner Drock gesat. An der 5. Minutt gouf den Elanga iwwer riets fräigespillt. Seng Flank konnt de Gordon awer net am Gol ënnerbréngen. Op der anerer Säit huet de Rashford knapp laanscht de Gol geschoss.
No 10 Minutte gouf et méi roueg um Terrain. D'Gäscht hate méi Ballbesëtz, Newcastle hat awer méi geféierlech Chancen. An der 24. Minutt huet den Elanga no engem Konter iwwer riets de Barnes an der Mëtt fonnt. De Garcia am Gol vun de Katalane konnt de Ball awer paréieren. An der Suite huet Barcelona probéiert, Rou an dat eegent Spill ze kréien. De Raphinha an de Rashford konnten hier méi kleng Méiglechkeeten awer net notzen. Ouni Goler ass et dann och an d'Kabinne gaangen.
Nom Säitewiessel hu béid Ekippe méi oft den direkte Wee Richtung Gol gesicht. Joelinton an Tonali konnten hir Geleeënheeten net notzen. Op der anerer Säit sinn d'Gäscht mat der éischter richteg geféierlecher Aktioun a Féierung gaangen. De Koundé konnt de Ball op de Rashford flanken, deen de Ball an de Gol gekäppt huet.
Barcelona hat elo Confiance getankt an huet de Virsprong 9 Minutte méi spéit verduebelt. De Rashford huet aus ronn 25 Meter ofgezunn an de Ball mat Hëllef vun der Lat am Filet ënnerbruecht.
Newcastle huet bis zum Schluss probéiert, fir nach emol erunzekommen. An der 90. Minutt huet de Gordon no enger flotter Pass vum Murphy op 1:2 verkierzt. Méi war awer net méi dran, esou datt Barcelona trotzdeem mat 2:1 zu Newcastle d'Iwwerhand behalen huet.
Frankfurt - Galatasaray 5:1
0:1 Akgün (8'), 1:1 Sanchez (37', Selbstgol), 2:1 Uzun (45+2'), 3:1 Burkardt (45+4'), 4:1 Burkardt (66'), 5:1 Knauff (75')
Manchester City - Neapel 2:0
1:0 Haaland (56'), 2:0 Doku (65')
Sporting - Almaty 4:1
1:0 Trincao (44'), 2:0 Trincao (64'), 3:0 Santos (66'), 4:0 Quenda (68'), 4:1 Filho (86')
Kopenhagen - Leverkusen 2:2
1:0 Larsson (9'), 1:1 Grimaldo (82'), 2:1 Robert Silva (86'), 2:2 Hatzidiakos (90+2')
Bruges - Monaco 4:1
1:0 Tresoldi (32'), 2:0 Onyedika (39'), 3:0 Vanaken (42'), 4:0 Diakhon (75'), 4:1 Ansu Fati (90+1')
All d'Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Champions League ze kommen.