16 Courssen sinn an der Formel 1 dëst Joer scho gefuer. Lo fänkt mam Grousse Präis vum Aserbaidjan dee leschten Drëttel vun der Saison un.

Virun zwou Wochen zu Monza an Italien konnt de Max Verstappen op Red Bull déi zwee McLaren mat Lando Norris an Oscar Piastri hannert sech loossen ... ob dat och zu Baku de Fall kéint sinn, huet de Franky Hippert bei eisem Formel 1 Expert Dominique Riefstahl nogefrot:
 
Et war gewosst, datt et an Italien fir McLaren méi knapp kéint ginn, fir virun der Konkurrenz ze bleiwen. Datt de Max Verstappen awer herno mat enger Avance vun iwwer 19 Sekonnen op déi zwee McLaren-Piloten de schwaarz-wäiss-karéierte Fändel gewise géif kréien, war net onbedéngt esou virauszesoen. Fir den Dominique Riefstahl kéint et sech elo op de Stroosse vun der aserbaidschanescher Haaptstad awer och virun allem nees tëscht deenen dräi, déi zu Monza um Podium stoungen, ofspillen:
 
"D’Previsioune fir Baku si schwéier ze maachen. Et ass e Circuit, deen zwee esou verschidde Gesiichter huet, ronderëm d'Alstad ass Appui verlaangt, dat ass McLaren-Territoire. Op de laange Riichten ass Top Speed an en effizienten Auto gebraucht, dat ass Red Bull-Territoire. Wie vun deenen zwee elo de bessere Spagat hikritt, fir iwwert déi ganz Ronn ze glänzen, ass schwéier ze soen. Et ass eng Opportunitéit fir Ferrari, fir do kënnen, ënnert anerem mat engem relativ polyvalenten Auto, dee souwuel zu Monaco wéi och op séiere Strecken à la Spa oder Monza gutt ka funktionéieren. Hir Achillesseen wäert allerdéngs de glate Macadam sinn, deen et relativ schwéier mécht, d' Pneue waarm ze kréien."
 
D'Streck zu Baku ass 6,003 Kilometer laang. Vill vun deenen 20 Kéiere sinn 90 Grad-Kéieren. Et bleift awer e relativ séiere Stad -Circuit:

"Am Géigesaz zu deem vun Jeddah, dee vu sech aus jo behaapt dee séierste Stadcircuit iwwerhaapt ze sinn, ass Baku méi eng Saach vu lues duerch Kéiere fueren, gutt Traktioun hunn, an dann e gudden Topspeed um Enn vun de Riichten hunn. Et ass e Circuit, dee mechanesch gesinn et e bësse méi einfach mécht, den Auto anzestellen. Op der aerodynamescher Säit ass natierlech déi grouss Fro wéi setzt een de Kompromëss tëschent gudder Topspeed op deene laange riichte Stécker a genuch Appui am luesen Deel ronderëm d'Alstad."
 
Am Weltmeeschterschafts-Klassement ass de Lando Norris den Zweeten, 31 Punkten hannert dem Oscar Piastri. An Italien konnt den Norris mat senger zweeter Plaz e puer Punkten op säin Ekipéier gutt maachen, deen um Autodromo Internazionale Monza den Drëtte gouf.

"D'Pilotemeeschterschaft ass weiderhi komplett oppen. De Lando Norris kann aus dem leschte Weekend zefridden erausgoen. En huet zwar d' Course net gewonnen, mee en huet méi Punkte geholl wéi den Oscar Piastri an domadder den Ecart reduzéiert. En hat sportlech gesinn en zolitte Weekend. Iwwert d'l’Art et la manière wéi McLaren d'Situatioun an de Grand Prix respektiv d'Stallregie gehandhaabt huet, kann een driwwer diskutéieren ... et muss een net mat hinnen averstane sinn. Loosst eis einfach hoffen, dass d'Meeschterschaft um Circuit an net um gréngen oder an deem Fall um orangen Dësch entscheet gëtt."
 
 
Virun engem Joer war de Podium zu Baku bont gemëscht. Den Oscar Piastri war als Éischten iwwert d'Zillinn gefuer, virum Charles Leclerc op Ferrari an dem George Russell op Mercedes. Wéi sot eis en RTL-Formel-1-Expert Dominic Riefstal fir dëse Grand Prix? Previsioune si schwéier ze maachen.

Wann dir wëllt wëssen, wéi an der Formel 1 de Grousse Präis vum Aserbaidjan ausgeet, da sidd Live dobäi op Tëlee Lëtzebuerg op RTL Zwee an online op rtlplay. McLaren kann scho fréizäiteg Konstrukteurweltmeeschter ginn.

Den Depart vun der Course ass e Sonndeg de Mëtteg um 13 Auer, de Virprogramm bei de Kolleege vun der Tëlee fänkt um ¼ op 12 un.