Opsteiger Racing iwwerrascht, Diddeleng an Ettelbréck souverän

© Christophe Hochard
Um Samschdeg war an der Enovos League bei den Hären d'Suite vum éischte Spilldag.
Hären
Den T71 Diddeleng dominéiert d'Partie géint den AB Conter a setzt sech um Enn souverän mat 84:62 duerch. D'Ekipp vum Lëtzebuerger Trainer Christophe Ney louch schonn nom éischte Véierel 24:12 a Féierung an huet de Géigner duerch eng konsequent Defense net an d'Spill komme gelooss. Diddeleng louch deelweis iwwer 30 Punkten a Féierung an huet de Match geréiert. Um Enn hat de Mekhi Long 25 perséinlech Punkte markéiert, déi meescht bei der Lokalekipp.
De Champion Etzella Ettelbréck wënnt auswäerts souverän mat 94:75 zu Mamer. Den neie Profispiller Adrian Delph huet säi Potential mat 25 Punkte bei de Gäscht ënnerstrach.
Méi enk war de Match tëschent der Arantia Fiels an der Sparta Bartreng wou d'Entscheedung eréischt an der Schlussphas gefall ass. Den Jarvis Williams konnt 28 Punkten annetzen. Pech hat d'Fiels mat enger Verletzung vum Profispiller Walter Williams deen nëmme ronn 10 Minutte konnt matspillen.
Musel Pikes mat staarker Ekippeleeschtung
Den Opsteiger Racing iwwerrascht de Basket Esch a wënnt an eegener Hal mat 89:85. Fënnef Spiller vun der Lokalekipp konnten zweestelleg Punkte markéieren, de Brendan Temple hat déi meeschte Punkten um perséinleche Kont (28) bei der Ekipp vum Trainer Adam Radomirovich.
D'Musel Pikes setzen sech doheem mat 100:81 géint d'Résidence Walfer duerch. Fënnef Spiller vun der Lokalekipp hu mindestens 13 Punkte geworf an de Maurice Gordon konnt mat 25 Punkten iwwerzeegen.
Um Freideg hat sech d'Amicale Steesel kloer mat 92:79 géint d'Kordall Steelers duerchgesat.
D'Damme starten e Sonndeg an déi nei Saison. All d'Matcher vum 1. Spilldag ginn um INS gespillt a live op RTL gestreamt.