De Weekend fänkt d'Championnat am Volleyball un.

Bei den Häre mécht e Samschdeg um 17 Auer d'Partie Esch géint Bartreng den Optakt. Um 19.30 Auer ass de Champion a Coupegewënner Stroossen géint Iechternach gefuerdert.

Bei den Dammen ass den éischte Match vun der Saison e Samschdeg um 18 Auer. Hei sti sech den Doublé-Gewënner Mamer an Iechternach géintiwwer.

All d'Partië kënnt och dës Saison nees an der RTL Live Arena kucken.

Livestream vu weidere Matcher aus dem Volleyball-Championnat an der RTL Live Arena

Programm vun all de Livestreamen aus der RTL Live Arena