Um 7. Spilldag vun der Bundesliga gouf et donieft ënner anerem eng 4:3-Victoire fir Leverkusen zu Mainz.

E Samschdeg war an der däitscher Futtball-Bundesliga d'Suite vum 7. Spilldag.

Hei fannt Dir den Iwwerbléck vum weideren internationale Futtball vum Samschdeg, ënner anerem mat enger spéider Victoire fir den FC Barcelona.

Am däitsche Klassiker owes zu München huet sech den FC Bayern mat 2:1 géint Dortmund duerchgesat a baut de Virsprong un der Tabellespëtzt domat op elo fënnef Punkten aus. No enger gudder Ufanksphas vun de Münchener war et den Harry Kane, deen d'Lokalekipp duerch e Kappball verdéngt a Féierung brénge konnt. Och nom 1:0 war Bayern spillbestëmmend, konnt virun der Paus awer net méi erhéijen. No der Paus war Dortmund da liicht besser, och well sech d'Haushären e puer Ongenauegkeeten erlaabt hunn. Gutt 10 Minutte viru Schluss dann awer den 2:0 vum Michael Olise. Zwar konnt de Julian Brandt mam 1:2 nëmme fënnef méi spéit de Match nach eemol spannend maachen, ma um Enn sollte sech d'Bayern déi dräi Punkten net méi huele loossen.

An enger animéierter Partie huet Leverkusen sech 4:3 zu Mainz duerchgesat. D'Werkself ass gutt an d'Partie komm a louch duerch Goler vu Grimaldo a Kofane fréi 2:0 a Féierung. An der Suite ass Mainz déi besser Ekipp ginn a konnt sech duerch de Lee mam Uschloss belounen, direkt virum Säitewiessel huet de Grimaldo d'Leverkusener Féierung awer nees ausgebaut. Am zweeten Duerchgang haten d'Gäscht d'Partie laang am Grëff, duerch e verwandelten Eelefmeter vum Amiri ass an der Schlussphas awer nees Spannung opkomm. An der 87. Minutt huet den Terrier mat e wéineg Reussite de 4:2 geschoss, d'Mainzer hu just e puer Minutten drop awer op en Neits verkierzt. Bei deem Score ass et du bis zum Schluss bliwwen, woumat Mainz weider op Plaz 16 an der Tabell läit.

Leipzig konnt doheem knapp 2:1 géint den Opsteiger Hamburg gewannen. D'Rothosen hunn déi éischt 45 Minutte gutt dogéint gehalen, kuerz virun der Paus huet de Baumgartner d'Bullen awer per Kapp a Féierung bruecht. Direkt nom Säitewiessel huet en ofgefälschte Schoss vum Lokonga fir den 1:1 gesuergt, am direkte Géigenzuch war et awer op en Neits de Baumgartner, deen d'Leipziger Féierung schéisse konnt. An enger zweeter Hallschent ouni vill weider Golgeleeënheeten huet den HSV et bis zum Schluss probéiert, um Enn sollt et awer net fir e Punkt duergoen.

Stuttgart huet d'Partie zu Wolfsburg gréisstendeels dominéiert a konnt sech verdéngt mat 3:0 behaapten. An der 35. Minutt huet den Ex-Wolfsburger Tomas no schéiner Virlag vum Stiller den 1:0 fir de VfB geschoss. Kuerz no der Paus huet de Mittelstädt nach een dropgesat an domat géint schwaach Haushäre scho fir eng Virentscheedung gesuergt. Mam 3:0 huet de Stiller d'Wolfsburger Kris dunn endgülteg verschäerft.

No engem Match mat villen Occasiounen gouf et een 2:2 tëscht Heidenheim a Bremen, wärend Köln an Augsburg sech 1:1 getrennt hunn.

D'Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.

D'Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.

Spilldag

D'Tabell vun der Bundesliga

Tabell