Donieft huet Lyon zu Nice de Kierzere gezunn an domat de Sprong un d'Tabellespëtzt verpasst.

E Samschdeg huet sech am internationale Futtballchampionnat den FC Barcelona wichteg dräi Punkten duerch ee Gol an der Nospillzäit geséchert a bleift domat virleefeg un der Tabellespëtzt. Un der Spëtzt vun der Serie A stinn donieft Inter, Neapel a Roum elo punktgläich.

An der Bundesliga konnt Leverkusen eng spannend Partie zu Mainz fir sech entscheeden a Leipzig huet sech knapp géint den HSV duerchgesat.

Premier League

Nottingham Forest - Chelsea 0:3
0:1 Acheampong (49'), 0:2 Neto (52'), 0:3 James (84')

No ausgeglachenen éischte 45 Minutten huet den Acheampong seng Faarwen direkt no der Hallschent per Kapp a Féierung bruecht. Kuerz drop huet den Neto per direktem Fräistouss fir den 2:0 gesuergt. D'Lokalekipp hat dunn eng Rei gutt Occasiounen, déi awer all ongenotzt bliwwe sinn. E puer Minutte viru Schluss huet den James de Sak mam drëtte Gol zougemaach.

Nom Match huet Nottingham Forest annoncéiert, dass ee sech vum Trainer Ange Postecoglou trennt. Et ass domat schonn den zweeten Trainerwiessel vun der Saison.

Manchester City - Everton 2:0 
1:0 Haaland (58'), 2:0 Haaland (63')

Den Drock vun den Haushären ass am zweeten Duerchgang ëmmer méi grouss ginn a sou hunn d'Citizens no ronn enger Stonn zweemol den Haaland fonnt, dee béid Occasiounen direkt genotzt huet. Um Enn kann d'Ekipp vum Pep Guardiola sech domat iwwert e souveräne Succès freeën.

Fulham - Arsenal 0:1
0:1 Trossard (58')

Serie A

FC Turin - Neapel 1:0
1:0 Simeone (32')

AS Roum - Inter 0:1
0:1 Bonny (6')

Ligue 1

Nice - Lyon 3:2
1:0 Bard (5'), 1:1 Sulc (29'), 2:1 Diop (35'), 3:1 Boudaoui (55'), 3:2 Sulc (90+5')

No der fréier Féierung fir Nice huet Lyon fir d'éischt eng Partie Occasiounen ausgelooss, konnt awer no enger knapper hallwer Stonn duerch e Corner ausgläichen. Mat der zweeter Chance huet Nice awer den zweete Gol markéiert an ass esou mat engem 2:1-Avantage an d'Kabinne gaangen. No der Paus huet sech de Spectateuren dat selwecht Bild gebueden. Lyon war virum Gol net effizient genuch an huet ënner anerem en Eelefmeter verschoss, wärend Nice mam éischten Ofschloss op 3:1 gestallt huet. Den Uschlossgol vu Lyon ass ze spéit komm, soudass een de Sprong un d'Tabellespëtzt verpasst.

La Liga

Barcelona - Girona 2:1
1:0 Pedri (13'), 1:1 Witsel (20'), 2:1 Araujo (90+3')

Am Derby huet de Pedri fréi seng Klass ënner Beweis gestallt an den 1:0 fir Barcelona geschoss, ma de Witsel konnt kuerz drop mat engem spektakuläre Fallrückzieher egaliséieren. An der Suite hat Girona eng Rei gutt Chancen op den zweete Gol, huet dës awer net genotzt. Am zweeten Duerchgang hunn d'Haushären de Match dunn nees dominéiert, ma och si hu sech virum Gol schwéier gedoen. An der Nospillzäit huet den Araujo seng Faarwen erléist an déi 3 Punkten esou zu Barcelona gehalen.