
Am internationale Futtball stoung um Samschdeg d’Mailänner Derby tëscht Inter an AC am Mëttelpunkt. An England stoung iwwerdeems déi 4. Ronn vum FA Cup um Programm.
An der Bundesliga war e Samschdeg de Mëtteg d’Suite vum 21. Spilldag.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Chelsea - Plymouth 2:1
0:1 Gillesphey (8'), 1:1 Azpilicueta (41'), 2:1 Alonso (105+1')
Chelsea huet d’Blamage géint den Drëttligist Plymouth nach rechtzäiteg verhënnert kritt. No 8 Minutte waren d’Gäscht iwwerraschend a Féierung gaangen, hu kuerz virun der Paus dann awer den Ausgläich kasséiert. Chelsea ass et och am zweeten Duerchgang net gelongen a Féierung ze goen, sou dass et fir béid Ekippen an d’Verlängerung gaangen ass. Do huet de Marcos Alonso d’Blues mat sengem Gol erléist an Chelsea den Ticket fir d’Aachtelsfinall geséchert.
Manchester City - Fulham 4:1
0:1 Carvalho (4'), 1:1 Gündogan (6'), 2:1 Stones (13'), 3:1 Mahrez (53'), 4:1 Mahrez (57')
Huddersfield - Barnsley 1:0
1:0 Holmes (19')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
AS Roum - Genua 0:0
Inter Mailand - AC Mailand 1:2
1:0 Perisic (39'), 1:1 Giroud (75'), 1:2 Giroud (78')
Am Derby tëscht den zwou Ekippen vu Mailand gouf et um 24. Spilldag eng 2:1-Victoire fir den AC. No enger interessanter éischter Hallschent louch Inter duerch e Gol vum Perisic mat 1:0 a Féierung. AC huet awer net opginn a krut sech an der leschter véierel Stonn nach eng Kéier zréckgekämpft. Zwee Goler vum Giroud bannent dräi Minutten hunn de Match op d’Kopp gestallt an um Enn d’Victoire geséchert.
Florenz - Lazio (20.45 Auer)
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
St. Etienne - Montpellier 2:1
0:1 Wahi (11'), 1:1 Hamouma (82'), 2:1 Nordin (90')
Monaco - Lyon (21.00 Auer)
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Mallorca - Cadiz 2:1
0:1 Alcaraz (8'), 1:1 Sevilla (20'), 2:1 Muriqi (66')
Celta Vigo - Rayo 2:0
1:0 Mendez (12'), 2:0 Mendez (81')