
En Dënschdeg den Owend um 19.30 Auer spillt Diddeleng am zweeten Tour vun der Futtball Champions League Qualifikatioun de Retourmatch géint Pyunik Jerewan. Den Aller hat den F91 virun 8 Deeg mat 1:0 beim armenesche Champion gewonnen. Um Dënschdeg spillt d’Ekipp aus der Forge du Sud nees bei sech am Stade Jos Nosbaum, an den Terrain zu Diddeleng ass, genee wéi am éischten Tour géint Tirana aus Albanien, nees ausverkaaft. Do stellt sech natierlech d’Fro, ob net d’Office d’Matcher an der Coupe d’Europe am Futtball am neie nationale Stade de Luxembourg op der Cloche d’Or misst gespillt ginn.
Soubal et op e gewëssenen internationalen Niveau kënnt, stoussen déi meescht Futtballterrainen hei am Land, un hir Grenzen. Dat ass fir déi Diddelenger net anescht, esou de Coordinateur Sportif vum F91 Manou Goergen: “Dat hu mer am Match géint Albanien gesinn, wou mer ausverkaaft waren, a wou virum Match, an esouguer och nach wärend dem Match, Leit virun der Kees stoungen.”
Fir déi zwou éischt Ronnen an der Champions League Qualifikatioun hat d’UEFA de Stade Jos Nosbaum zu Diddeleng nach homologéiert. “Mä ab der drëtter Ronn an och de Play-Off, wou mer jo elo sécher wäerte spillen, do huet d’FLF eis elo matgedeelt, datt deen eenzege Stadion, deen a Fro kënnt, de Stade de Luxembourg ass.”
Beim F91 ass ee sech scho bewosst, datt et méi flott wär d’Coupe d’Europe Matcher am neie Stade de Luxembourg op der Cloche d’Or ze spillen. Et ginn awer Grënn, firwat dat, op d’mannst an den éischten Ronnen, net de Fall ass, seet de Manou Goergen, deen als Benevollen un der Spëtzt vun der ganzer Organisatioun steet. “Sportlech gesinn, well mer awer gewinnt sinn, op eisem Terrain ze spillen, an och duerch déi limitéiert Gréisst, eis méi Chancen ausrechnen, wéi an engem fonkelneie Stadion.”
Da gëtt et awer och de finanzielle Volet, an dee spillt virun allem an den éischten zwou Ronnen nach méi eng grouss Roll, well do d’Recette vun der UEFA nach net esou héisch sinn, wéi an den Tier duerno.”Well de Stade de Luxembourg muss gelount ginn. Dat ass nees e Präis, do musse vill Sécherheetsleit era kommen, an dat gëtt e Surcout par Rapport zu de Matcher zu Diddeleng, deen enorm ass. Natierlech kann ee sech froen, ob dat am Interêt vun de Veräiner ass, datt mer do nach mussen eng Locatioun bezuelen, déi net kleng ass, fir da Lëtzebuerg an eis Veräiner an eise Futtball, eise Sport, op internationalem Parquet ze vertrieden”
De Manou Goergen ass jiddwerfalls der Meenung, datt dat wat d’Stade de Luxembourg-Fro ugeet, anescht kéint geléist ginn. Wann déi Diddelenger um Dënschdeg den Owend op d’mannst gläich géint Jerewan spillen, da si se fir den drëtten Tour an der Champions League Qualifikatioun egal wéi am Stade de Luxembourg.
D’Partie F91 Diddeleng géint Pyunik Jerewan gëtt en Dënschdeg den Owend um 19.30 Auer am Stade Jos Nosbaum ugepaff, an ass wéi gesot, ausverkaf.